
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg si fënnef weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 895.
Bannent de leschten 72 Stonne gouf et 871 positiv Fäll bei 10.852 Tester. 73 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 371 e Samschdeg an 427 e Freideg. E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 21,49 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 6,58 op 100.000.
Den Ament si 87 Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 972.710 Impf-Dosisse genotzt, 436.811 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 5.337 aktiv Infektiounen, 88.068 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.