De Fred Keup huet eng Rei Plaintë wéinst Aussoen op Facebook gemaach
De Fred Keup, haitegen ADR-Politiker, dee fir de Gast Gibéryen an d’Chamber noréckele soll, ass duerch eng Facebook-Plattform bekannt ginn.
D’Facebook-Plattform “Nee2015, Wee2050” huet sech wärend dem Referendum 2015 géint d’Auslännerwalrecht staark gemaach.
Fir vill medial Opmierksamkeet huet zanterdeem eng Plainte vum Fred Keup géint de Museker TurnUp Tun gesuergt – an där Affär ass um Mëttwoch den Appellsprozess.
Wéi RTL erausfonnt huet, huet den ADR-Politiker awer nach géint eng Rei aner Leit Plaintë gemaach, vun deenen hie sech wéinst Aussoen op Facebook beleidegt oder diffaméiert gefillt huet. D’Milena Steinmetzer, 28 Joer, schafft zanter engem knappe Joer bei der Partei “déi Lénk”, engagéiert sech ënnert anerem och fir Fraerechter a preparéiert den Ament de Fraestreik. Virun zwee Joer huet si ënnert engem Facebook-Post vum Zentrum fir politesch Bildung mam Fred Keup diskutéiert.“Wou hie probéiert huet ze beweisen, dass zu Lëtzebuerg 3/4rels vun de Gespréicher net op Lëtzebuergesch géife stattfannen a seng Rechnung war einfach falsch. (...) Ech hunn him du gesot, dass déi Rechnung einfach net stëmmt an ech hunn him gesot, hie géif mat esou Rechnungen, déi hien dann do opstellt a probéiert do sou, op wëssenschaftlech ze maachen säi Friemenhaass einfach wéilt ënnert d'Leit bréngen an doran huet hien de Problem da gesinn, dass ech hie "friemefeindlech" genannt hunn an him Friemenhaass ënnerstallt hunn.”De Post gouf mëttlerweil geläscht. Bal e Joer méi spéit gouf d’Milena Steinmetzer op de Police-Büro geruff. Awer net nëmme si.“Hien ass mat engem ganzen Dossier vu Screenshots vu Facebook op de Police-Büro gaangen an huet do Plainte deposéiert. Woubäi si him deemools och schonn direkt soten, well déi Screenshots vun 2017 bis 2018 gaange sinn, also eng laang Zäit, hu si him scho gesot, dass zemools esou Injurien-Saachen, do misst en eigentlech direkt goen. Do kann een net e Joer duerno op ee Mol soen "ech fille mech elo mega ugegraff" vun eppes, wat ee virun engem Joer gesot huet.”D’Plainte géint d’Milena Steinmetzer gouf klasséiert. D’Plaintë wieren am Summer virun de Chamberwalen 2018 deposéiert ginn.“Wann ee sech opstellt, wëll ee jo och gewielt ginn, ech mengen net, dass een do esou Saache mécht einfach aus dem Bauch eraus, zemools Saachen, déi zanter engem Joer gesammelt gi sinn.”De Mike Richartz, 49 Joer, Geschichtsproff, Member bei déi Gréng. Hie krut am Juni 2019 Post vun der Police Judiciaire, wéinst Aussoen tëschent Juli an November 2018. Hien hätt de Wee 2050 als riets-radikal, rassistesch a geschichtsverfälschend beschriwwen an hätt d’Wierder “brong” a “friemefeindlech” benotzt. Hie bezitt sech op d’Definitioun vum Faschismus vum italienesche Schrëftsteller a Philosoph Umberto Eco an op d’Buch “Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle” vum Lucien Blau.“Firwat ech déi Wierder benotzt hunn. Zum engen erënnert mech d'Sprooch vum Wee 2050 ganz staark un d'Sprooch vu verschiddene fréiere Lëtzebuerger Associatioune vun der Extrème droite, sief dat aus den 30er Joren, Saachen, déi een am Volksblatt gelies huet oder och an den 80er Jore vun der Nationalbewegong oder der Éislecker Fräiheetsbewegung.” Hien hätt ni iwwert de Fred Keup perséinlech geschriwwen, mä ëmmer nëmmen iwwert de Wee2050. Aussoe vun der Beweegung hirem President Tom Weidig hätten hien als Historiker schockéiert.“Déi Proximitéit, déi Verharmlosung vum Nationalsozialismus duerch verschidde Membere vum Wee2050. Dat schockéiert een. Wann een .eminente Member vum Wee2050 [de Mike Richartz schwätzt vum Tom Weidig ndlr], deen als Kandidat op der Lëscht vum ADR kandidéiert fir d'Walen seet, am Verglach zum 30-Järege Krich war den Nationalsozialismus just ee Pipifax. Da si mer beim Gauland senger Ausso, oder net méi dovunner, iwwert de Vogelschiss, deen Auschwitz an deem sengen An an der Geschicht war.”

© RTL Archiv
Am ugeschwate Facebook-Post vum Tom Weidig, hat hien deemols dëst geschriwwen: "Iwrejens sin am 30jährege Krich 1/3 bis 1/2 vun eiser Populatioun emkomm." dann waar d'Nazioccupation jo e Pippifaxs an d'Leit sollen sech net esou opfeieren..."*
Eng Ausso, déi och e Bekannte vum Mike Richartz, de Jean-Luc Linster, 48 Joer, Entrepreneur, Member bei de “Frënn vun der Festungsgeschicht”, schockéiert huet – an och, datt de Fred Keup sech net vun dësen Aussoen distanzéiert hätt.“Dat war op Facebook, wou ech en e "brongen Hond" vernannt hunn an do äntwert e mer zréck "brong, dat steet am Duden fir Nazi, Dir hutt mech elo als Nazi bezeechent, also maachen ech eng Plainte géint Iech. Ech sot "oh maacht Dir eng Plainte, wann der wëllt"... Ech hunn éierlech gesot ni geduecht, datt géing eng kommen an awer, wann op ee mol den Ziedel an der Bréifboîte läit vun der Police, Service Anti-terrorisme, do schléckt een eng Kéier, do erféiert een.”Och d’Plaintë géint de Jean-Luc Linster an de Mike Richartz goufe klasséiert, dat Ganzt huet hinnen awer vill Zäit a Geld kascht.“Dat do huet mech 1.500 Euro kascht an dat ass och d'Zil. D'Leit sollen d'Flemm kréien, fir bei hinnen ze posten. Domat mécht een de Leit Angscht an domat sëtzt ee jidder eenzelen an der Gesellschaft engem gewëssen Drock aus, fir dat net méi ze maachen.”De Jean-Luc Linster iwwerleet sech elo éischter zwee Mol, wat e schreift.“Also net, dass ech näischt méi schreiwen, ech denoncéieren den Extremismus nach ëmmer, mee ech iwwerleeën awer léiwer elo zwee Mol, wat ech schreiwen, sou datt am Fong geholl den Här Keup e bësse gewonnen huet.”D’Milena Steinmetzer schwätzt vun enger Taktik, fir d’Leit anzeschüchteren.“Bei mir funktionéiert et eben net esou gutt, well ech einfach iwwerzeegten Anti-Faschistin sinn an ech do och einfach kee Raum wëll loossen fir esou Aussoen an dat mir ganz wichteg ass, dass an der Gesellschaft esou Saachen och net onwiddersprach bleiwen.”Déi dräi si sech eens – mat esou Plaintë géif de Fred Keup sech net fir eng fräi Meenungsäusserung um Internet asetzen.
Op Nofro wollt de Fred Keup seng Plaintë géint divers Leit net kommentéieren.
* De President vum Wee2050 Tom Weidig huet RTL kontaktéiert fir ze soen, dëse Post wier eng “sarkastesch“ Reaktioun vun him op e Kommentar vun enger Privatpersoun, déi geschriwwen hätt, dass déi franséisch Occupatioun vun 1795 harmlos/Pippifax war.
Fäll vun Diffamatioun, Calomnie, Injure an Opruff zum Haass: Offiziell Zuelen
D’Lëtzebuerger Justiz huet zejoert ronn 1.500 Infraktioune wéinst Diffamatioun, Calomnie, Injure oder Opruff zum Haass dokumentéiert, krute mir op Nofro gesot.
Verschidden Affär kënnen awer bis zu dräi mol opdauchen, well se a méi wéi eng Kategorie passen. Et fält op, datt d’Plaintë wéinst Beleidegung engersäits an Opruff zum Haass anerersäits iwwert déi lescht véier Joer zougeholl hunn.
| 2016 | 2017 | 2018 | 2019 |
Art. 443 (Diffamation et calomnie) | 292 | 247 | 310 | 361 |
Art. 448 (Injure délit et verbal) | 330 | 442 | 965 | 1089 |
Art. 457.1 (Incitation à la haine) | 25 | 38 | 65 | 116 |
Total des infractions libellés | 647 | 727 | 1340 | 1566 |
Total des affaires ouvertes en la matière | 629 | 700 | 1275 | 1471 |
Richtung 22
Nieft dem Turnup Tun huet de Fred Keup och Plainte géint Richtung 22 gemaach, wéi de Kënschtlerkollektiv d’lescht Woch bekannt gemaach huet. Et géif een dovunner ausgoen, datt d’Plainte wéinst Mangel u Beweiser klasséiert gëtt.Nodeems déi Plainte deposéiert gouf, huet d'Police probéiert erauszefannen, wien am Video ze gesinn ass. Dat hu se awer net gepackt an dowéinst hu se de ganze Kommitee virgelueden, wat 11 Membere waren. Vun deenen 11 Persounen huet awer keen eppes gesot, jiddereen huet vu sengem Recht gebrauch gemaach, näischt soen ze mussen.(...)Mir ginn elo dovunner aus, datt de Parquet den Dossier elo klasséiere wäert. Et ass och elo näischt weider nokomm, vue dass jidderee sech enthalen huet, hu se och net weider Beweiser fonnt. Dat heescht mir ginn dovunner aus, datt elo wéinst Mangel u Beweiser net zu engem Geriichtsprozess kënnt.