
Fir d'Patienten an d'Personal am Spidol ze protegéieren, goufe mat Hëllef vun der Lëtzebuerger Arméi e Freideg de Moie virun der Entrée vum CHdN Zelter opgeriicht.
Hei ka bei engem éischten Triage d'Temperatur gemooss ginn.
Op de soziale Plattforme gëtt d'Spidol weider Updaten an Infoen un d'Patienten an d'Visiteuren eraus.