Wéinst engem Problem un den elektronesche Keesen, hunn d'Cactussen zu Märel, Bouneweg a Wandhaff och um Donneschdeg nach hir Dieren zou.

Nodeems de Problem schonn e Mëttwoch gemellt gi war, koum en Donneschdeg nach emol de Message, dass den Defekt  nach bestoe géing.

Et géif een dru schaffen, fir den informatesche Problem esou séier wéi méiglech an de Grëff ze kréien.

De Cactus ass op 59 Plazen am Land vertrueden. Déi aner 56 Butteker sollen net vum Problem betraff sinn a bleiwen normal op.

Schreiwes vum Cactus

Suite à un problème technique sur notre réseau informatique, nos magasins Cactus Merl, Cactus Bonnevoie et Cactus Windhof ne peuvent pas ouvrir leurs portes aujourd'hui. Nos équipes ont concentré leurs efforts pour trouver rapidement une solution, afin de pouvoir redémarrer l’activité commerciale dans ces trois points de vente. Tous nos autres magasins Cactus et Cactus shoppi sont comme d’habitude au service des clients.