Wéinst HackerattackCactus-Geschäfter Wandhaff, Märel a Bouneweg bleiwen och um Samschdeg zou

RTL Lëtzebuerg
Dräi Cactus-Geschäfter bleiwen nach ëmmer wéinst engem informatesche Problem zou.
© AFP

Wéi de Cactus en Donneschdeg den Owend an engem Communiqué präziséiert, sinn de Cactus Wandhaff, Märel a Bouneweg gehackt ginn. D’Informatiker wieren aktiv amgaangen, sou séier wéi méiglech de System rëm un d’Goen ze kréien.

Um Samschdeg de Moien ass et d’Prezisioun, dass de Problem weiderhin nach net ganz geléist ass, an dofir d’Butteker och den 2. Mee mussen zoubleiwen.

PDF: De Communiqué vum Cactus

Back to Top
CIM LOGO