Den ëmstriddene Militärsatellit war e Méindeg e Sujet an der Budgetskontrollkommissioun.

D'maximal Aschätzung vun den noutwendege Méikäschte beleeft sech op net grad 139 Milliounen:

Dat gouf e Méindeg am spéiden Nomëtten op enger Pressekonferenz iwwert den zukünftege Lëtzebuerger Militärsatellit confirméiert.

Militärsatellit/Reportage Eric Ewald

An den initiale Gesetzprojet vun August 2018 mat engem Budget vu ronn 170 Millioune waren d'Ausgaben, wat d'Exploitatioun an d'Maintenance ugeet, net mat aberechent ginn; dofir hat am Mäerz en zweete Gesetzprojet missen deposéiert ginn, an deem vu weideren Ausgaben an Héicht vun 180 Millioune Rieds war, wourausser der also elo eppes méi wéi 41 manner ginn.

De Lancement vum Satellit ass fir 2022 virgesinn.

Nei Zuelen och an der Kommissioun virgestallt

De François Bausch huet den Deputéierten an der Kommissioun also nei, aktuell Zuelen virgestallt, wat de ganze Projet, Stand haut, da soll kaschten.

Der Presidentin vun der Budgetskontroll-Kommissioun, der CSV-Deputéiert Diane Adehm no géifen déi Zuelen weisen, dass den éischte Projet de loi vun 2018 wierklech net am Detail duerchduecht gewierscht wier.

Mir krute gesot, dass de Projet op Hypotheese fousst, déi einfach ugeholl goufen an ni bis zum Schluss kontrolléiert goufen. Wéi dunn bis ugefaang gouf d’Machbarkeets-Etuden ze maachen, ënnert dem Minister Bausch, gouf festgestallt, dass et guer net sou geet wéi initial virgesinn. )

Mécht am Ganzen 139 Milliounen, déi de Luxeosys méi wäert kaschten, wéi am éischte Gesetzprojet virgesinn.

Och de Marc Baum vun Déi Lénk huet sech confirméiert gefillt, dass den 1. Projet iwwert de Knéi gebrach gouf.

2018 gouf de Projet ze séier virgestallt a gestëmmt. Wichteg Saachen, déi u sech missten zu esou engem Projet derzou gehéieren, wieren einfach vergiess ginn. Aus dem Dokument, wat eis ausgedeelt gouf, geet kloer ervir, dass hei einfach schlampeg geschafft gouf.

An dat bezilt een elo mat iwwer 130 Milliounen u Méikäschten, wat fir Déi Lénk weiderhin komplett onnëtz Ausgabe sinn. Depensen fir Krichs-Zwecker, ouni dass d‘Chamber dann allkéiers mat agebonne gëtt.

De Fernand Kartheiser vun der ADR hätt weider gär  Explikatiounen, firwat d’Antennen vum Satellit um Redu an d‘Belsch solle stoen kommen a net op den Härebierg.

De Minister huet gesot, et wier machbar, fir et zu Dikrech ze maachen. Hien wëll et trotzdeem zu Redu maachen. Dat ass e Méikäschtepunkt dee mir net agesinn, an do schëllegt d’Regierung eis eng Erklärung. )

D’ADR stéiert sech och drun, dass d’Arméi u sech net wierklech eng Entwécklungs-Perspektiv duerch de Projet kritt.

De Sven Clement vun de Piraten wonnert sech weiderhin, iwwert déi awer enorm Méikäschten, wou een zwar lo mol méi an Detailer erkläert krut, wou déi hierkommen.

Keng grouss Iwwerraschungen. Et kascht 139 Milliounen méi, dat ass ongeféiert d‘Gréisstenuerdnung vun engem Lyçée.

Souwuel Lux Gov Sat, wéi och de Chef d’état major sollen iwwerdeems nach an der Kommissioun gehéiert ginn. Deen aktuelle Chef vun der Arméi geet Enn September an d’Pensioun.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

François Bausch a présenté le programme du satellite LUXEOSys (13.07.2020)
Communiqué par: Direction de la défense

Le 13 juillet 2020, François Bausch, Vice-Premier ministre et ministre de la Défense, a présenté le programme LUXEOSys, système gouvernemental d'observation par satellite répondant aux besoins des Organisations nationales et internationales en imagerie satellitaire. Ce satellite permet à la Direction de la défense de devenir un fournisseur d'images pour des organisations telles que l'UE, l'OTAN, l'ONU, l'AIEA, les États alliés, ainsi que d'autres utilisateurs civils.

Le budget de 170 millions d'euros, prévu dans le projet de loi initial, comprenait l'acquisition et le lancement d'un satellite permettant l'observation de la Terre par l'équipement d'une caméra à très haute résolution. De plus, la construction d'antennes associées qui permettent le transfert d'images du satellite vers la Terre ainsi que la mise en place d'un segment sol permettant le contrôle et la gestion du système sur 10 ans ainsi que la diffusion des images. Comme la maintenance complète du système n'a pas été prise en compte dans le projet de loi, un deuxième projet de loi a été déposé le 27 mars 2020, qui vise à augmenter de 180 millions d'euros le montant que le gouvernement est autorisé à dépenser, le montant total passant ainsi à 350 millions d'euros.

Le satellite nommé «NAOS» (National Advanced Optical System) sera placé à environ 450 km sur une orbite basse polaire et effectuera des rotations autour de la terre (15 révolutions/jour), ce qui permettra de prendre des images de l'ensemble de la terre.

Il servira à un grand nombre d'applications différentes, à savoir des applications relatives aux opérations militaires, à la sécurité, à la surveillance des traités de désarmement, à l'observation de déplacements de troupes dans une zone de conflit, aux catastrophes humaines et à l'aide humanitaire, à la gestion de catastrophes naturelles et au changement du climat.

François Bausch est persuadé que ce projet est complètement en ligne avec les valeurs du Grand-Duché de Luxembourg: «Le maintien de la démocratie et des droits de l'Homme sont les missions essentielles de la défense. Ce satellite s'inscrit parfaitement dans cette logique. Si nous décidons de stopper le projet, nous perdons la somme de 145 millions d'euros.»