Viru ronn 10 Joer huet de spueneschen Top-Chirurg Dr Diego Gonzalez Rivas déi sougenannt Uniportal-VATS-Technik developpéiert.

Viru ronn 10 Joer huet de spueneschen Top-Chirurg Dr Diego Gonzalez Rivas déi sougenannt Uniportal-VATS-Technik developpéiert. Eng Method fir Longekriibspatienten ze operéieren, andeems just een eenzege Schnatt vun 3-4 Zentimeter gemaach gëtt.

Dës Technik huet de Virdeel, dass d’Patienten, déi eng Tumeur erausoperéiert kréien, nom Agrëff manner Péng hunn an den Heelungsprozess méi séier ass, wéi bei fréiere Chirurgie-Agrëff, wou eng wesentlech méi grouss Ëffnung néideg war.

Och zu Lëtzebuerg gëtt d’Technik vum Dr Gonzalez applizéiert. Zënter Mäerz 2017 war dat an der Zitha Klinik 70 Mol de Fall, bei insgesamt méi wéi 200 Longekriibspatienten, déi konnten operéiert ginn. Den Dr Gonzalez war elo zu Lëtzebuerg op Besuch, fir eng Konferenz ze leeden, an e puer Chirurgen aus Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich och eng praktesch Formatioun ze ginn, fir hir Technik nach ze verbesseren.

Den Dr Diego Gonzalez ass weltwäit am Asaz a mécht pro Joer tëscht 600 an 800 Operatiounen, wou hie seng Uniportal-VATS-Technik uwennt.