Projet fale geloossLëtzebuerg kritt elo awer keng Militärhelikopteren

RTL Lëtzebuerg
Déi 3 Transportmaschinnen sollten an enker Kooperatioun mat der Belsch kaaft a genotzt ginn. Ma, déi belsch Arméi wéilt d'Helikopter elo manner asetzen.

Als Konsequenz hätt d’Lëtzebuerger Regierung de Projet, deen ëmmerhin eng hallef Milliard Euro kascht hätt, fale gelooss. Esou steet et an der Äntwert vum Arméiminister Bausch op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser

Back to Top
CIM LOGO