Bal eng Dose Kéieren huet sech ewell d'Chamber-Budgetskontrollkommissioun mat der massiver Budgets-Rallonge fir den Äerd-Observatiounssatellit beschäftegt.

En Dënschdeg gouf e virleefege Schlusspunkt gesat.

D'Deputéiert aus der Chamber-Kommissioun hu mam Diane Adehm (CSV) an dem Guy Arendt (DP) 2 Rapporteren designéiert, déi nach am Laf vun dëser Woch e "Rapport préliminaire" redigéieren, deen déi virleefeg Conclusiounen aus de Reuniounen vun der Kommissioun zum LUXEOSys festhält.

Den nächste Méindeg gëtt eng éischt Versioun vun deem Rapport presentéiert.

De Satellit - Kaf, Lancement an Gestioun - soll jo amplaz initial 170 lo 309 Millioune kaschten, sou datt sech de Käschtepunkt par Rapport zu 2018 bal verduebelt.

Empfaange goufen jo déi lescht Méint iwwer souwuel déi aktuell Responsabel aus dem Defense-Ministère, Vertrieder vun der Arméi a LuxGouvSat, grad wéi och den Ex-Minister Etienne Schneider, deen de Projet vum Militärsatelit virun de Walen 2018 nach op legislativen Orbit gesat hat.

D'Deputéiert, déi och um Méindeg dee ganzen Nomëtteg iwwer an der Budgetskontrollkommissioun beieneen souzen, fir d'Conclusiounen aus deem ganzen Dossier ze zéien, ginn d'Gefill net lass, datt se wärend de verschiddenen Auditiounen reegelrecht ugelunn goufen, well d'Widderspréch an den Aussoen evident wieren.

Um Dënschdeg gouf iwwerdeem de Gesetzesprojet, deen d'budgetär Rallonge fir de LUXEOSys aktéiert an der Chamber-Defense-Kommissioun guttgeheescht, sou datt Mëtt November kann am Plenum driwwer ofgestëmmt ginn.

Zu deem Ament vum Vott soll dann eeben den Deputéierten och de Rapport vun der Budgetskontrollkommissioun virleien, sou datt an Zukunft änlech Projeten méi transparent an ouni Kontradiktiounen kënnen ofgewéckelt ginn.