D'Policegewerkschaft SNPGL reagéiert op rezent Aussoe vum Policeminister Henri Kox op der RTL-Antenn. Hie war leschte Mëttwoch eisen Invité.

De Syndikat mécht drop opmierksam, datt d'Situatioun am Stater Garer Quartier a ronderëm méi wéi alarmant wier, wéi de rezenten Dout vun engem jonke Mann zu Bouneweg géing weisen.

D'Leit hätten e Gefill vun der Onsécherheet. D'Streidereien tëscht dem Policeminister Henri Kox an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer géingen näischt un deem Gefill änneren.

Verschidden Aussoe vum grénge Policeminister am RTL-Interview wieren erstaunlech, anerer wiere carrement falsch, notamment a punkto Augmentatioun vun den Effektiver a Reorganisatioun.

Och d'Rekrutéierungspläng wieren illusoresch. Datt schonn d'nächst Joer 200 zousätzlech Polizisten op den Terrain geschéckt gi sollen, dat wier net realistesch. Dës Leit géinge bannent sou kuerzer Zäit net déi néideg Formatiounen duerchlafen an och net genuch Experienz sammelen.