An den 12 Betriber, déi am Reseau vun de Soins à Domicile zesummegeschloss sinn, si knapp 50% vum Personal bis zum Dag vun e Mëttwoch nach net geimpft.

Dat äntweren d'Familljen- an d'Santésministesche Cahen a Lenert op eng parlamentaresch Fro vun den 3 CSV-Deputéierten Hansen, Wiseler a Mosar.

46% vun de Salariéen aus dem Reseau vun de Strukturen, déi Leit doheem fleegen, si geimpft. Den Taux vun de Leit, déi Fleeg brauchen an doheem soignéiert ginn a bis ewell geimpft goufen, läit iwwerdeem bei ronn 56%.

Vun dëse Clienten, déi op Soins à Domicile ugewise waren, goufen zanter dem Ufank vun der Pandemie ronn 930 eeler Leit mam Virus infizéiert, 32 vun dëse Leit si mam oder duerch de Covid-Virus verscheet.

Vum Personal, dat bei de mobille Fleege-Servicer schafft, ware 660 Leit bis ewell covid-positiv, dat ass all zéngte Salarié.