
D’Lëtzebuerger Contributiounen zënter 2001 belafe sech op knapp 52 Milliounen Euro. De gréissten Deel vun dësem Montant ass un den afghaneschen Arméi-Fong gaangen.
Lëtzebuerg hat um Nato-Sommet 2018 annoncéiert, d’Contributiounen zu dësem Fong bis 2024 ze verlängeren, et si 4 Milliounen Euro d’Joer.
Den Déploiement vun der Arméi huet zënter 2003 eng 7 Millioune kascht.