Um Freideg ass zu Beefort een 12 Meter groussen Deel vun der Buerg an de Koup gefall, e Samschdeg ass e weideren Deel nogerutscht.

Beeforter Buerg / Reportage Claude Zeimetz

Zu Beefort ass e Freideg am Nomëtteg géint 15 Auer nawell e gréisseren Deel vun der Buerg an e Koup gefall. Vun der  baussenzegster Mauer vum Ënnerhaff, wou een an d'Buerg erakënnt, ass ee grousst Stéck erausgebrach. De Leit, déi op der Plaz waren, ass näischt geschitt. Si wieren zu kengem Ament a Gefor gewiescht.

E Samschdeg de Moien ass dunn nach en zweete Deel erofkomm, deen e Freideg Rëss kritt hat. De Kulturministère huet nom zweeten Tëschefall weider Detailer ginn. Nieft Sites et monuments ass och en Ingenieursbüro direkt op d'Plaz gaangen, fir de Site ze securiséieren an de Schued un der Mauer, déi op d'Mëtt vum 14. Joerhonnert zréckgeet an un där zanterhier vill geschafft gi wier, festzestellen.

D'Experte féieren den Tëschefall a priori op grouss Waasserinfiltratiounen op d'Mauer zréck, déi an der Vergaangenheet mat Zement restauréiert an ausgefout gouf. Eppes, wat haut net méi gemaach gëtt.

D'Mauer aus Natursteng an d'Buerg wieren iwwert d'Jore reegelméisseg kontrolléiert ginn, mä hei hätt een op den éischte Bléck keen direkt Problem erkannt. Am RTL-Interview gesäit de Jean-Jacques List vu Sites et monuments e klore Lien tëscht dem Accident an dem ville Ree virun e puer Wochen, dee jo en exzeptionelle Quantitéite Waasser mat sech bruecht huet an d'Gläichgewiicht vun der Mauer gestéiert huet.

D'Renaissance-Schlass, fir dat och Visites guidéeën dëse Weekend an déi nächst Deeg geplangt waren, bleift op. De   Rescht vun der Buerg dogéint wäert an den nächsten Deeg mat enger anerer Entrée opmaachen. Just den ënneschten Haff wäert nach méi laang zoubleiwen.

De Jean-Jacques List vu Sites et monuments geet dovunner aus, datt spéitstens am spéiden Hierscht d'Aarbechten ufänke kënnen, fir datt de Site nees spéitstens am Februar oder Mäerz d'nächst Joer komplett a Stand gesat ka ginn. Déi éischt Aarbechte sollen direkt nom Kollektivcongé an Ugrëff geholl ginn. De Schued dierft senger Meenung no tëscht 200.000 bis 250.000 Euro leien.

De Communiqué

Affaissement d’un mur aux Châteaux de Beaufort (30.07.2021)

Communiqué par: ministère de la Culture

 

Vendredi 30 juillet, vers 15h00, une partie du parement extérieur de l’enceinte de la basse-cour du Château-fort de Beaufort s’est affaissée. Peu après, une équipe du Service des sites et monuments nationaux (SSMN) et un bureau d’ingénieurs fut sur place pour sécuriser le site et constater les dégâts sur cette maçonnerie datant du milieu du 14ième siècle.

Après une première appréciation sur place, les experts ont retenu que cet affaissement peut résulter d’infiltrations importantes d’eau de pluie au niveau de la tête du mur de l’enceinte qui a connu des rejointoiements à base de ciment dans les années 1980. Cette méthode de restauration n’est plus indiquée et utilisée de nos jours. Cet évènement exceptionnel et imprévisible est survenu malgré les contrôles et suivis réguliers que le SSMN fait effectuer depuis des années sur le site. Des analyses approfondies sont en cours et une reconstruction du mur va être réalisée au cours de cette année.

Le Château-Renaissance en amont reste ouvert au public pour des visites guidées sur réservation. Le Château-fort rouvrira ses portes dans les prochains jours.