Doud vum fréiere gréngen Deputéierte Jup Weber

© Nathalie Frisch
De Politiker a geléierte Forstingenieur ass am Alter vun 71 Joer an der Belsch verscheet.
1983 huet de Joseph Weber, genannt Jup, d'Gap gegrënnt, déi gréng Alternativ Partei.
D'Joer drop war de Jup Weber als ee vun den éischte gréngen Deputéierten an d'Chamber gewielt ginn.
Wéinst Gestreits huet de Jup Weber dunn d'Glei gegrënnt - 1994 war de Politiker an d'EU-Parlament gewielt ginn.
Ee Joer méi spéit hu Gap a Glei matenee fusionéiert - de Jup Weber blouf eegestänneg an huet d'Gal gegrënnt, eng Partei, déi am Joer 2000 opgeléist gouf.
An enger éischter Reaktioun sot sech de fréiere Parteikolleeg an aktuellen Vize-Premier François Bausch traureg iwwert den Doud vum Jup Weber.
Obwuel hien e kontroverséierte Personnage gewiescht wier, hätt hie seng Meritte fir d'Partei gehat an och ni seng Wuerzelen niéiert.
Wéi gesot: De Jup Weber verscheet am Alter vun 71 Joer - e Matbegrënner vum ekologesch-nohaltege Gedanken an engagéierten Ëmweltaktivist.
Op dëser Plaz der Familljen eist opriichtegt Bäileed.

© Hei Elei vum 11. Juni 1989