902 Positiver, 8 weider Doudesaffer a 60 Covid-Patienten am Spidol

© RTL
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonne 902 Neiinfektioune registréiert goufen.
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn aacht weider Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 874.
Bannent de leschten 72 Stonne gouf et 902 positiv Fäll bei 9.918 Tester. 79 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 376 e Samschdeg an 447 e Freideg.
Den Ament si 60 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 903.715 Impf-Dosisse genotzt, 429.572 Leit gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 4.267 aktiv Infektiounen, 83.869 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.