Europe Most WantedLëtzebuerg sicht nom Abdullah Khodor

RTL Lëtzebuerg
De 17. Dezember 2017 géint Mëtteg goufen zu Gonnereng eng Fra an hir kleng Niess vun zwee Männer agresséiert.

D’Männer, déi e Messer als Waff dobäi haten, hu Bijouen an eng kleng Zomm Sue geklaut. Donieft hu se den Telefon vum Haus zerstéiert, fir datt keen d’Police direkt konnt ruffen.

Den 2. Dezember 2019 gouf en europäesche an en internationale Mandat d’Arrêt géint de Abdullah Khodor ausgestallt, de Mann gouf bis ewell awer nach net verhaft.

E Mëttwoch huet d’Police op en Neits en Opruff gemaach, datt am Kader vum Europa Most Wanted.

Back to Top
CIM LOGO