"Fanger ewech vum Index!"

© RTL-Archiv
Diskussiounen ëm den Index, wéi déi aktuell, si bal esou al wéi seng Geschicht. De 4. Abrëll 1982 koum et zu Lëtzebuerg quasi zu engem Generalstreik.
Déi deemoleg CSV-DP-Regierung hat wëlles, an engem Austeritéitspak den automatesche Lounausgläich-Mechanismus ausser Kraaft ze setzen. Als Reaktioun haten deemools 80.000 Mënschen am Land hir Aarbecht néiergeluecht. Den ëffentlechen Transport, Schmelzen, Banken a vill aner Betriber ware betraff. Grenzen deelweis blockéiert. Siwe Gewerkschaften haten zum Warnstreik opgeruff. Si goufe vun der LSAP ënnerstëtzt.
Hei en Zesummeschnëtt vum Reportage aus dem "Hei Elei, Kuck Elei" Revue vum 11. Abrëll 1982:
De komplette Reportage vun 1982 fannt Dir hei: