IRM PotaschbiergDen IRM gëtt net illegal bedriwwen, behaapt de Bedreiwer an engem Communiqué

RTL Lëtzebuerg
Dat wier "nullement" de Fall, heescht et am Schreiwes. De Centre médical géif net ënnert d'Spidolsgesetz vun 2018 falen.
IRM Potaschbierg
Den IRM gëtt net illegal bedriwwen, behaapt de Bedreiwer an engem Communiqué

De Centre médical lëscht juristesch Prezisiounen op, firwat een eben net an der Illegalitéit géif schaffen.

Den Zenter géif virop emol net ënnert d’Spidolsgesetz vun 2018 falen, a souwisou géif kee Gesetz soen, dass d’Bedreiwe vu radiologeschen Apparater exklusiv de sougenannten établissements hospitaliers virbehalen ass.

D’Positioun vun der Gesondheetsministesch, fir weiderhin ze behaapten, d’Bedreiwe vum IRM am Oste wier net Rechtens, wier deemno net richteg, ass ze liesen. Genee wéi et net richteg wier, dass d’CNS keng Remboursemente géif iwwerhuelen, mam Argument vun der Illegalitéitstheorie.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO