Am Kader vun eiser Serie Nuetsschicht hu mir de Joe Haux eng Nuecht laang mat der Kamera begleet. Hien ass zanter 13 Joer bei der Police a koordinéiert op der Nuetsschicht 4 Patrullen. De 35 Joer ale Kommissär huet eng ganz besonnesch Virléift fir d’Schichte-Schaffen; virun allem nuets.
Klickt hei, fir op all d’Episode vun der Serie “Nuetsschicht” op RTL Play ze kommen.