Lëtzebuerger Arméi80 nei gepanzert Gefierer gi fir ronn 226 Milliounen Euro bestallt

RTL Lëtzebuerg
Eagle 5 heescht d’Arméigefier, wat soll an Zukunft den Hummer an den Dingo ersetzen.
80 nei gepanzert Gefierer bestallt
Eagle 5 heescht d’Arméigefier, wat soll an Zukunft den Hummer an den Dingo ersetzen.

En Donneschdeg gouf de Kontrakt vun 367 Milliounen Euro vum grénge Verdeedegungsminister François Bausch ënnerschriwwen. D’Acquisitioun vun den 80 Gefierer kascht eleng 226 Milliounen Euro.

Nei gepanzert Arméigefierer / Rep. Diana Hoffmann

De Rescht vun der Zomm ass virgesinn, fir d’Maintenance iwwert déi nächst 15 Joer ze garantéieren. Dozou zielt zum Beispill e reegelméissegen Update vun de Computerprogrammer.

D’Gefierer wäerten an der Schwäiz hiergestallt ginn. Bis awer déi éischt 10 geliwwert ginn, dauert nach gutt 2 Joer.

De PDF mat der Presentatioun vum Verdeedegungsministère.

Back to Top
CIM LOGO