VerfassungsreformD'Ofännerung vum Justizkapitel gouf ugeholl - Just dräi Géigestëmmen

Diana Hoffmann
Pit Everling
D’Ofännerung vum Justizkapitel an der Verfassung gouf e Méindeg de Moie mat enger Majoritéit vun de Stëmmen an der Chamber ugeholl.

An dësem zweete Vott hu sech 48 Deputéiert dofir ausgeschwat, bei dräi Géigestëmmen an zwou Enthalungen.

Duerch dëst Kapitel géing d’Onofhängegkeet vun der Justiz gestäerkt ginn. D’Pièce maîtresse am Text wier d’Kreatioun vun engem nationale Justizrot, sou den CSV-Rapporter vum Kapitel Leon Gloden.

D’ADR an d’Piraten hätte sech awer gewënscht, dass ee méi wäit gaange wier. Si fuerderen, dass och d’Bierger sollten, nom Model vun anere Länner, en Zougang zum Verfassungsgeriicht kréien. Doriwwer eraus hu si nach eng Kéier hier Enttäuschung ausgedréckt, dass d’Walversprieche vun engem Referendum net agehale gouf.

Lëtzebuerg kritt en Nationale Justizrot

D’Chamberplenière huet e Mëttwoch de Mëtteg de Feu Vert ginn. Den neie Conseil soll d’Onofhängegkeet vun der Justiz garantéieren a fir Transparenz suergen.

De Gremium elaboréiert Deontologiesreegelen a stellt sécher, datt dës agehale ginn. De Rot kann och Disziplinarprozeduren op de Wee bréngen. E soll beim Rekrutement Recommandatioune formuléieren an dem Grand-Duc Nominatioune proposéieren.

All Bierger ka beim genannte Conseil Reklamatiounen a punkto Fonctionement formuléieren. Direkt oder indirekt Interventiounen an eng Justiz-Prozedur wäerten awer net méiglech sinn, och kënne keng geriichtlech Decisiounen a Fro gestallt ginn, also zum Beispill keng Urteeler ugefecht ginn.

Den nationale Justizrot / Pit Everling

Den neie Conseil wäert aus néng Memberen a grad sou vill Suppleante bestoen. Zwee Drëttel si Magistraten. Derbäi kënnt ee Representant vum Affekote-Beruff an zwou Persounen aus der Zivil-Gesellschaft plus all Kéiers d’Suppleanten. D’Kompositioun vum Gremium war dee Punkt, bei deem et am meeschten Diskussioune goufen.

Déi zwee entspriechend Gesetzer goufe bal unanime ugeholl. D’ADR huet engem vun den zwee Texter déi rout Kaart gewisen. Déi nei Institutioun wäert an den nächste Méint opgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO