Motorway SANeie Kollektivvertrag fir 460 Leit ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Pénktlech fir d'Enn vum Joer gouf en neie Kollektivvertrag fir d'Leit ënnerschriwwen, déi an de 24 Tankstatioune vun TOTAL iwwer Land schaffen.

Den Accord, deen tëscht dem LCGB an der Direktioun vun de Pompelstatiounen (Motorway SA) ënnerschriwwe gouf, gëllt bis 2024.

Am neien Accord gëtt ënnert anerem eng exzeptionell Primm festgehalen, déi engem 13. Mount entsprécht, grad wéi eng Disponibilitéitsprimm vun engem Véierels vun der Primm, fir d’Assistente vun de Cheffen op den Tankstatiounen.

Den neien Kollektivvertrag zielt fir eng 460 Leit, déi aktuell fir TOTAL schaffen.

Back to Top
CIM LOGO