Et gëtt geschat, datt zu Lëtzebuerg 4 Mol den Dag eng Persoun en Hiereschlag huet. Ma wat sinn éischt Unzeechen, Risikofacteuren a wat kann ee präventiv maachen, fir et net zu engem Accident vasculaire cérébral (AVC) kommen ze loossen?
Si selwer hat en Hiereschlag an och en Häerzinfarkt an huet sech an d'Liewe missen zréckkämpfen. No hirem Schicksalsschlag huet si d'Associatioun Blëtz gegrënnt, fir Betraffene vun engem Hiereschlag do ze hëllefe, wou et néideg ass.