
De Wollef ass fortgelaf. Hien huet sech dobäi ënnert engem Drot duerchgedréckt, wou Hoer hänke bliwwe sinn. Fir d’éischt hat doropshin en Hond ugeschloen, deen dofir forméiert ass, de Geroch vu Wëllef z’erkennen.
Enn Dezember konnt esou schonn ee Wollef am Norde vum Land identifizéiert ginn. Wéi dësen Hënn hir Aarbecht ausgesäit, gesitt Dir hei am Reportage:
D’Hoer vum Déier aus dem Raum Tratten goufen awer och nach am Senckenberg-Institut zu Gelnhausen an Däitschland ënnersicht.
Aus deem Referenzlaboratoire koum e Mëttwoch d’Confirmatioun, datt et sech beim Déier zu Tratten an der Gemeng Wëntger effektiv ëm e Wollef gehandelt huet. Méi präzis nach, ëm e männleche Wollef aus der mëtteleuropäescher Populatioun.
D’Natur- a Frostverwaltung mécht en Appell un d’Leit, all méiglech Indicen, déi op Wëllef kéinten hindeiten, weiderhin ze mellen. Dat geet zum Beispill per Mail. D’Adress ass wolf@anf.etat.lu.
