Serie Mérite Jeunesse 2023 (1)Portrait vum Shemsy Badr

Philippe Dondelinger
De Mérite Jeunesse soll jonk Leit dozou motivéieren, fir a véier verschiddene Voleten aktiv ze ginn: Sport, Talent, Benevolat an Expeditioun.
Serie Mérite Jeunesse 2023
Am éischte Reportage vun dëser Mini-Serie gëtt d’Shemsy Badr virgestallt-

Matmaache ka jiddereen tëscht 14 a 25 Joer. Wéi eng Aktivitéiten een a wéi engem Volet mécht, kann ee selwer wielen. Dobäi ginn et dräi verschidden Niveauen: Bronze, Sëlwer a Gold. Den Ënnerscheed läit bei der Dauer: 6, 12 oder 18 Méint. Wien dat gemaach huet, dee gëtt fir seng Leeschtung ausgezeechent.

Am éischte Reportage vun dëser Mini-Serie gëtt d’Shemsy Badr virgestallt a mir weisen iech, mat wat si sech dës Auszeechnung verdéngt huet.

Back to Top
CIM LOGO