Um 14 Auer hunn d’Klacken vun der Kierch vun Nidderwolz d’Pilger zum Rousekranz opgeruff. Iert sech de Cortège op de Wee erop op Bäessent gemaach huet.
De ganzen Dag iwwer si Gleeweg iwwert den eigentleche Kräizwee bei d’Monument komm, wat 1951 gebaut gouf. Wärend de Bombardementer vun der Ardennen-Offensiv 1945, haten 10 Leit sech d’Wuert am Keller vum Poorhaus ginn. Mat de Joerzéngte gouf d’Pilgerrees vum feste Rendezvous fir d’Portugisesch Communautéit.
D’Migratioun aus dem Süden op Lëtzebuerg huet mat sech bruecht, datt fir déi portugisesch Communautéit aus der Groussregioun deen Dag zu engem feste Rendezvous am Kalenner gouf. Ma och haut goungen d’Gefiller weider ausenaner, wann een d’Fro gestallt huet, ob d’Fatima éischter e réng reliéisen Wallfaart ass oder e Familljefest?
Um 15.30 Auer gouf d’Muttergottes-Statue duerch Portal uewenaus op Bäessent era gedroen. Begleet vun Dausende Pilger, déi bei deene scho relativ waarmen Temperaturen de Wee vun Nidderwolz aus matgaange sinn.
No der feierlecher Mass war d’Fest nach laang net eriwwer. Dëst Joer méi streng encadréiert gëtt weider laanscht Stroosse ronderëm Wolz gefeiert.