Am Alter vu 74 Joer
Fréiere Chefredakter vum Lëtzebuerger Land Mario Hirsch gestuerwen
D'Lëtzebuerger Presselandschaft trauert ëm de fréiere Journalist a Politolog Mario Hirsch.
Hie war e Méindeg am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Seng Fra huet dat op de soziale Reseaue matgedeelt.
De Mario Hirsch war als Journalist och Chefredakter vun der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land, dat vun 1998 bis 2006. Duerno war hie bis 2011 Direkter vum Institut Pierre Werner.
Am meeschte gelies