
Neie Mann un der Spëtzt vu Raiffeisen gëtt op den éischte Januar de Laurent Zahles. Hien ass zënter 2007 bei der Bank a gehéiert zënter 2020 dem Direktiounscomité un. Nei an dee Gremium kënnt d’Sandrine De Vuyst. Dës Ännerungen huet d’Bank de Mëttwoch de Moie matgedeelt.