E Mëttwoch den Owend huet d'DP d'Eckpunkte vum Koalitiounsprogramm hire Membere presentéiert.

DP Regierungsmemberen / Reportage Claudia Kollwelter

D'Gremie vun der DP hu gréng Luucht gi fir de Koalitiounsaccord, dat sot de Xavier Bettel, e wier unanime ugeholl ginn. De Xavier Bettel ass houfreg op dat, wat hien als Premier an de jeeweilege Regierunge fir d'Land an de leschten 10 Joer geleescht huet. Hie géif elo an der neier Ekipp weider am Sënn vum Land schaffen, dat zesumme mat engem neie Partner.

Wien neie Fraktiounschef bei der DP an der Chamber gëtt, ass awer nach net gewosst. Dono gefrot, huet den zukünftegen Ausseminister Xavier Bettel wärend dem Point-presse geäntwert, dat wier d'Saach vun der Fraktioun, hie géing sech ëm d'Regierungsgeschäfter këmmeren an d'Séparation des pouvoirs respektéieren.

Nimm vun den DP-Ministeren
Vun der DP kënnt e Mëttwoch den Owend d'Confirmatioun, dass de Xavier Bettel Vize-Premier an Ausseminister gëtt. Hien iwwerhëlt donieft de Portefeuille vum Commerce extérieur an der Groussregioun.

En neit Gesiicht ass bei der DP d'Stéphanie Obertin. D'Medezinnerin wäert d'Ressorte Recherche, Héichschoul an Digitaliséierung iwwerhuelen.

De Claude Meisch bleift Educatiounsminister, kritt awer de Ressort vum Logement an Aménagement du territoire mat derbäi.

D'Yuriko Backes gëtt Ministesch vun der Defense, der Gläichstellung, der Mobilitéit an den Travaux publics.

De Max Hahn behält säi Portefeuille vun der Famill a gëtt Responsabele fir den ONA.

De Lex Delles kritt d'Portefeuillë Wirtschaft, Energie an Tourismus.

Den Eric Thill gëtt Kulturminister an delegéierte Minister fir Tourismus.

Reaktiounen

Datt mam Eric Thill dee Véiertgewielte vun der DP-Nordlëscht Minister gëtt, dierft deen een oder aneren iwwerraschen. Ma wéi deen Éischtgewielten a fréiere Chamberpresident Fernand Etgen op Nofro hin erkläert, wier dat awer ee ganz demokratesche Prozess gewiescht, well all d'Kandidaten der Rei no gefrot gi wieren. Hie selwer géing sech fir den Eric Thill, deem seng Bom hie scho kannt hätt, freeën. Selwer géing hie sech op d'Aufgab als einfache Majoritéitsdeputéierte freeën. Hie wier zwar scho laang derbäi, mee hätt bis elo nach ni ee Regierungsprojet presentéiert. Fir de Poste vum Fraktiounspresident géing hien iwwerdeems net kandidéieren.

De Gerard Schockmel gëtt also net Gesondheetsminister. Den Infektiolog hat sech no de Wale jo ganz kloer positionéiert a gesot, datt hie prett wier, dee Posten ze iwwerhuelen. Dono gefrot, ob hien dann elo enttäuscht wier, huet en RTL vis-à-vis geäntwert, datt dat net de Fall wier. Säi Liewe géing op e puer Piliere foussen a géif lo warscheinlech ee gudde Krack méi roueg ginn, wéi wann hie Minister gi wier.

Hie mengt och net, datt d'Entscheedung géint hien dorobber zeréckzeféiere wier, datt hie sech, am Fong als Eenzegen, esou fréi aus der Deckung getraut huet. Hie wier et senge Wieler schëlleg gewiescht, seng Bereetschaft ze erklären. Dat hätte si vun him erwaart, nodeems hie wärend der Corona-Pandemie wärend zwee Joer an der viischter Rei stoung.

Ob de Gilles Baum säin Hutt, fir Fraktiounschef ze ginn, nach eng Kéier an de Raum wërft, wollt hien nach net verroden. Et géing een elo emol waarden, bis d'Fraktioun komplett zesummen ass. D'nächst Woch wäerte jo nach déi Deputéiert vereedegt ginn, déi fir déi Gewielten, déi elo als Minister an d'Regierung wiesselen, noréckelen.

Andréck vun der Plaz