E Mëttwoch den Owend huet d'CSV d'Eckpunkte vum Koalitiounsprogramm hire Membere presentéiert.

Souwuel den Nationalrot an och den Nationalkongress vun der CSV hunn d'Propositioune vum Luc Frieden fir de Programm an d'Käpp eestëmmeg ugeholl.

CSV-Koalitiounsaccord eestëmmeg ugeholl / Reportage Michèle Sinner

Lo, wou béid Parteien hiren Accord ginn hunn, steet enger neier Koalitioun näischt méi am Wee. En Donneschdeg kéint de Koalitiounsaccord och ënnerschriwwe ginn.

De komplette Point-Presse vun der CSV am Replay
E Mëttwoch den Owend huet d'CSV d'Eckpunkte vum Koalitiounsprogramm hire Membere presentéiert.

Um Donneschdeg de Moie gëtt de Luc Frieden Detailer iwwert de Programm op enger Pressekonferenz. Dës kann ee vun 10.30 Auer un op RTLl.lu suivéieren.

Den Nationalrot hat méi laang gedauert, wéi virgesinn, ugesat waren u sech 45 Minutten. Nieft dem Nationalrot an dem Kongress koum och d'Fraktioun zesummen, fir hiren neie President ze bestëmmen, dat am Prinzip onofhängeg an net Deel vun de Verhandlungen, wéi beispillsweis de Chamberpresident oder EU-Kommissär.

Per Schreiwes huet d'CSV folgend Minister-Poste offiziell confirméiert

Regierungsposten

De Luc Frieden gëtt Premierminister

D'Martine Hansen gëtt Landwirtschaftsministerin, Ministerin fir d'Alimentatioun a fir d'Viticulture

De Gilles Roth gëtt Finanzminister

D'Martine Deprez kritt als neit Gesiicht de Gesondheetsministère an de Ministère vun der Sécurité Sociale

De Léon Gloden gëtt Inneminister

De Georges Mischo gëtt Aarbechts- a Sportminister

De Serge Wilmes gëtt Ëmweltminister a Minister fir Klima a Biodiversitéit, sou wéi Minister vun der Fonction Publique

D'Elisabeth Margue gëtt nei Justizministerin, delegéiert Ministerin vum Premierminister, chargéiert mat de Parlamentsrelatiounen a mat de Ressorte Medien a Kommunikatioun

Aner Mandater

De Claude Wiseler gouf virgeschloe fir neie Chamberpresident ze ginn

De Marc Spautz soll neie Fraktiounschef vun der CSV ginn

De Christophe Hansen soll fir de Poste vum EU-Kommissär proposéiert ginn

Reaktioune zum Koalitiounsaccord säitens der CSV

Et hätt een et fäerdeg bruecht, séier e gudde Koalitiounsaccord op d’Been ze stellen, dat sot den CSV-Generalsekretär Christophe Hansen an enger éischter Reaktioun. D’Haaptpunkte goufen dem Nationalrot virgeluecht, net déi 200 Säite vum ganze Programm.

Christophe Hansen live am Journal vu 19.30 Auer
D'Haptpunkte goufen am Nationalrot presentéiert.

D’Fraktioun sëtzt den Ament zesummen, hei wier d’Propose, dass de Marc Spautz Fraktiounschef gëtt, de Vott géif awer nach ausstoen.

Och d'Martine Deprez huet sech virum Point de pesse zu Wuert gemellt a sech prett a geéiert gewisen, fir déi zukünfteg Aufgaben, déi ustinn. D'Decisioun wier relativ kuerzfristeg geholl ginn, si misst dat elo mol "sacke loossen" an de Betrib vum Ministère an deenen nächsten Deeg kenne léieren. D'Martine Deprez huet dann och schonn eng Partie Erfarungen an der Securité sociale, wou si, iert si Mathésproff gouf, hir Karriär ugefaangen huet an 10 Joer an der Inspektioun geschafft huet. D'Beräicher Santé a Sécurité sociale géifen dann och enk zesummenhänken, sou dass d'Besetzung a béide Ressorten natierlech géif Sënn maachen. Och hier Erfarung am Staatsrot wäert hir bei villen Dossieren am Beräich vun der Santé hëllefen.

D'Gesondheetsministesch Martine Deprez an de neie Finanzminister Gilles Roth.
Éischt Reaktioune vun der CSV.

Och de Gilles Roth schwätzt vun enger grousser Éier en Vue vu sengem neie Posten als Finanzminister. Et wier e "Knachenjob", fir deen hien awer dankbar wier. D'Kafkraaft stäerken an d'Attraktivitéit vun der Finanzplaz an d'Kompetitivitéit vun de Betriber sécheren, wieren elo d'Haaptziler vu sengem Ministère.

D'Viviane Reding huet dann och e gutt Gefill an ass frou, dass een zu 2 Parteie sou séier e gemeinsame Programm op d'Been konnt stellen, deen op d'Zukunft ausgeriicht ass. Et géif ee koherent an déi selwecht Richtung zéien.

De Fraktiounschef vun der CSV, de Marc Spautz mat enger éischter Reaktioun.
Fir déi nächst Woch wiere schonn 2 Sitzunge bei der CSV geplangt.

Et wier wichteg, dass ee konstruktiv zesumme géif schaffen, sou den zukünftege Fraktiounschef vun der CSV, de Marc Spautz. Fir déi nächst Woch sinn dann och schonn 2 Sitzunge geplangt, eng fir "mat sech selwer ze beschäftegen" an eng an där de Koalitiounsaccord Theema wäert sinn. Den Debat iwwert den Accord wäert en Donneschdeg sinn. D'Kompositioun vun den CSV-Ministere wier eng ganz interessant, dat well 9 ganz nei Leit an der Chamber wieren, 7 wieren der dovunner nogerutscht. Sou kéint een dann och "en anere Genre" vu Politik maachen, sou de Marc Spautz weider.