Ugefaangen huet et bei der Schëfflenger Kläranlag, déi wär awer net den Ursprong vun der Pollutioun, esou déi Responsabel vum CGDIS eisem Reporter géigeniwwer.
De Grond fir d’Verschmotzung ass bis elo nach net bekannt. Op der Uelzecht hunn d’Pompjeeë Barragen opgeriicht. Och d’Waasserwirtschaftsamt ass op der Plaz a kontrolléiert och zënter e Samschdeg de Mëtteg an der Uelzechtstrooss d’Kanalisatioun.

Ugangs hat ee geduecht, d’Ursaach vun der Verschmotzung kéint vum Bau vun engem néie Gebai an der Uelzechtstrooss ausgoen. Ma zanter e Samschdeg den Owend ass gewosst, dass d’Verschmotze vun der Uelzecht net vum Neibau ausgangen ass.
