Zënter dem 8. Januar verschwonnenDéi vermësste 85 Joer al Fra gouf dout opfonnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf d'Fra am Laf vum Samschdeg Nomëtteg bei Buerglënster fonnt. D'Fra war net méi um Liewen.

Fir déi genee Doudesuersaach festzestellen, huet de Stater Parquet eng Autopsie ugefrot. Zënter de leschten Deeg gouf jo intensiv no der Fra gesicht, e Samschdeg koum d’Gewëssheet, dass d’Fra net méi um Liewen ass.

Am Raum Jonglënster hunn de ganzen Donneschdeg iwwer Fräiwëlleger d’Gebitt vun der Gemeng duerchsicht, dat op Initiativ vun hirem Fils, deen aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm war.

Back to Top
CIM LOGO