Weider wichteg Etapp gehollLëtzebuerg a Belsch komme Kreatioun vu gemeinsame Militärbatailloun méi no

RTL Lëtzebuerg
Dofir hunn déi zoustänneg Ministesche vu béide Länner en Arrangement ënnerschriwwen.

De Grand-Duché an d’Belsch hunn eng weider wichteg Etapp geholl, en vue vun der Kreatioun vun engem gemeinsame Militärbatailloun.

D’Verdeedegungsministesche Yuriko Backes a Ludivine Dedonder hunn de sougenannten techneschen Arrangement “Ermesinde” en Dënschdeg ënnerschriwwen, deen d’Gouvernance ebe vun deem Batailloun reegelt.

Dëse soll jo um Enn 700 Zaldoten ëmfaassen, dorënner d’Hallschent aus Lëtzebuerg. Bis 2030 soll dat Ganzt stoen a wuel zu Arel stationéiert ginn, mat weideren Installatiounen, beispillsweis fir d’Maintenance vun de Gefierer dann hei am Land.

En Dënschdeg ass dann och den neisten A400-M-Militäerfliiger ukomm, deen déi belsch-lëtzebuergesch Flott komplettéiert, déi elo aus am ganzen aacht Maschinne vun deem Typ besteet.

Back to Top
CIM LOGO