Assurancësecteur wëll Kloerheet bei den Zousazversécherungen
                    D'Zousazversécherunge si wuel nach eng Zäit laang an der Aktualitéit. An d'ACA, d'Associatioun vun den Assurancëgesellschaften, bleift do um Qui-Vive.
D'ACA hat scho virum Sträit ëm d'Gouvernance bei der CMCM eng Klo virum Verwaltungsgeriicht eraginn, déi indirekt och d'CMCM viséiert. Ausléiser war virun enger décker hallwer Dose Joren, wéi d'CMCM sech nei orientéiert huet, a sech deels méi no Richtung Aktivitéite vun de privaten Assureure beweegt huet. Zum Beispill bei Prestatioune fir de Remboursement bei Brëller oder Interventiounen un den Zänn.
D'CMCM ënnerläit dem Gesetz iwwert d'Mutuellen, trëtt an den Ae vun der ACA awer wéi ee private Acteur op. Ënnert anerem mam Démarchage vun Entreprisen.
D'ACA seet, dass d'CMCM sech Aktivitéite ginn huet, déi hire gesetzleche Kader sprengen.
Déi Bedenke goufe vum Sozialministère, dee fir d'CMCM zoustänneg ass, net acceptéiert mam Resultat, dass d'Saach op d'Verwaltungsgeriicht komm ass. Parallel sinn d'Assurancë géint d'Agregatioun vun de geännerte Statute bei der CMCM virgaangen. Déi zwou Affäre goufen am Januar plädéiert. Elo waart een op d'Urteeler. Ee vun den Dossieren, deen déi nei Ressortministesch Martine Deprez verierft krut.
D'ACA wëll Kloerheet kréien, esou hire Managing Director Marc Hengen:
"Eis geet et net drëm, dass d'CMCM soll verschwanne vun der Bildfläch, mä sech un d'Reegelen halen, déi mir mengen, hei misste respektéiert ginn a wou et op verschiddene Punkten Depassementer gëtt".
D'CMCM hätt och een anere Kader, zum Beispill wat d'Liquiditéitsreserve betrëfft, oder Changementer beim Tarif, wou d'Assurancëgesellschaft un ee Kontrakt gebonnen ass, d'CMCM dergéint via Assemblée den Tarif kann änneren.
De medezineschen Aspekt ass wéi gesot net deen eenzege Volet heiheem bei der Diskussioun ëm Zousazversécherungen. Do steet virop d'Rentendiskussioun mat de Schlagwierder éischten, zweeten an drëtte Pilier.
Et wier, eng politesch Decisioun ze huelen, a fir de Rescht ass d'Positioun vun den Assurancëgesellschafte ganz kloer, seet de Marc Hengen. "... op alle Fall geet et den Assureuren net drëm, deen éischte Pilier ze accaparéieren an ze privatiséieren."
D'Situatioun ass, dass wann de Complement ka gemaach ginn, dann hu mir déi Produiten, déi do zoustänneg sinn.
Fir dass et net Richtung Zwouklassegesellschaft geet, wier et am beschten, et géif bei der Krankekeess wéi och bei de Pensioune bei engem staarken éischte Pilier bleiwen, esou de Vertrieder vun der ACA.