Wéinst Heescheverbuet bleiwen iwwer 1.200 aner Dossiere leien

D'Procureure générale Martine Solovieff. / © RTL-Archiv
De Parquet fuerdert de Policeminister Léon Gloden op, d'Police judiciaire, déi am Kader vum Heescheverbuet an der Stad am Asaz ass, nees ze dechargéieren.
Wéi d'Lëtzebuerger Wort fir d'éischt gemellt huet, huet d'Procureure générale Martine Solovieff sech en Donneschdeg an engem Bréif un den CSV-Minister geriicht, mat enger Kopie un d'Justizministesch Elisabeth Margue. An deem Schreiwes, dat RTL och virläit, weist d'Procureure générale drop hin, datt am Service vun der Police judiciare ganz vill Dossiere géingen drop waarden, traitéiert ze ginn.
Si zitéiert iwwer 1.200 Dossieren: 108 Dossieren aus dem Beräich vun der allgemenger Kriminalitéit, 43 aus dem Beräich Abus sexuels, 283 aus dem Beräich Jugendkriminalitéit, 72 aus dem Beräich Blanchiment, 320 aus dem Beräich Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit a 465 aus de Beräicher Formatioun, Appui a "méthodologie économique et financière".
D'Enquêteure vun der Police judiciaire missten awer bannent engem Mount 880 Stonne Policepresenz weisen, fir Verstéiss géint e Reglement vun der Stad Lëtzebuerg festzestellen.
D'Resultat vun deem Aktiounsplang, deen op ondefinéiert Zäit soll viru gefouert ginn, wieren "impressionant", schreift d'Procureure: Zwee Procès-verbauxen, dovunner eng Auto-Denonciatioun. Et wier och onkloer, ëm wéi eng Delikter et sech beim Asaz handelt.
D’Martine Solovieff weist sech entsat doriwwer, datt een Deel vun de Justizautoritéite spezialiséiert Enquêteuren ewechgeholl krit, fir datt déi enger anerer Aufgab noginn, déi bis elo zäitlech net begrenzt ass.