Pascal Peters gëtt Chef vun der Police, Jeanne Schumacher vum Geheimdéngscht

© RTL-Grafik
Am Regierungsrot goufen um Mëttwoch eng Rei personell Changementer ugeholl.
Déi vum neie Policedirekter a sengem Adjoint, der Cheffin vum Geheimdéngscht an et gouf och en neien Haut Commissaire à la Protection Nationale genannt.
Changementer bei der Police
De Pascal Peters trëtt säi Posten den 1. Juni un an iwwerhëlt d'Chargë vum Philippe Schrantz, deen an d'Pensioun geet. Den neie Chef vun der Police ass zanter 27 Joer am Déngscht, fir d'éischt bei der Gendarmerie an du bei der Police ënnert anerem als Kommandant vun der USP. Zanter 6 Joer war de Pascal Peters den Direkter vun der Verwaltungspolice.
Den neien Adjoint vum Police-Direkter ersetzt iwwerdeem vum 1. Mee un den Donat Donven, deen och an d'Pensioun geet. Den Alain Engelhardt ass zanter 22 Joer am Déngscht a war déi lescht Joren als Direkter fir d'Strategie an d'Performance vun der Police responsabel.

Den Alain Engelhardt
Wien iwwerdeem den Daniel Reiffers an de René Lindenlaub ersetzt, déi allebéid och am August an d'Pensioun ginn, gouf e Mëttwoch nach net matgedeelt.
Geheimdéngscht kritt nei Cheffin
Un der Spëtzt vum Geheimdéngscht gëtt et e Changement, wou d'Doris Woltz ersat gëtt.
Mam Jeanne Schumacher iwwerhëlt d'Adjointe vun der Madamm Woltz d'Responsabilitéit vum Geheimdéngscht, déi hirersäits den SRE zanter 2016 geleet hat, nodeem de Patrick Heck der Juristin dee Posten iwwerlooss hat.
D'Jeanne Schumacher ass zanter bal 20 Joer beim SRE a war ënnert anerem am Beräich vum "Konter-Terrorissem" aktiv.

D'Jeanne Schumacher gëtt nei Cheffin vum Geheimdéngscht.
Guy Bley ersetzt Luc Feller als Haut Commissaire à la Protection Nationale
Da gëtt et en drëtte personelle Changement, op Propose vum Premier gëtt de Guy Bley neien Haut Commissaire à la Protection Nationale an ass de Successeur vum Luc Feller.
De Guy Bley war bis 2016 bei der ASS (Administration des Services de Secours), also dem Virgänger vum CGDIS, aktiv a gouf virun zwee Joer als Adjoint vum Luc Feller genannt. De Mamer CSV-Buergermeeschter ass iwwerdeem jo neierdéngs als 1er Conseiller am Cabinet vum Finanzminister Roth a gouf och rezent an de Staatsrot genannt.

© Haut-Commissariat à la protection nationale