Luc Frieden wäert CSV-Parteipresident ginn, Hansen a Weis gi Vizepresidenten
Wann den CSV-Nationalkongress e Samschdeg zu Hesper eriwwer ass, huet d'Partei, RTL-Informatiounen no, och eng komplett nei Parteispëtzt.
Et ass eng Première fir d'Partei, datt de Staatsminister och Parteipresident gëtt. Dat ass mam Luc Frieden de Fall, deen e Samschdeg deen eenzege Kandidat wäert sinn, fir d'Successioun vun der aktueller Justizministesch unzetrieden.
Virum neien CSV-Chef Luc Frieden war d'Presidence mam Elisabeth Margue an dem Claude Wiseler paritéitesch besat. Dat ass eisen Informatiounen no also lo net méi de Fall.
Vizepresidentin, respektiv Vizepresident sollen d'Agrarministesch Martine Hansen an den Escher Buergermeeschter Christian Weis ginn. Si ersetzen den aktuellen Duo Anne Logelin a Paul Galles, déi sech net méi de Wale stellen.
Changement a méi jonk Gesiichter och op de Poste vun den CSV-Generalsekretären: Hei wäerten de Walfer Deputéierten Alex Donnersbach an d'jonk Minetter Deputéiert Françoise Kemp d'Rudder iwwerhuelen. Si ersetzen domat d'Deputéiert Christophe Hansen a Stéphanie Weydert.
D'Wal e Samschdeg zu Hesper ass éischter zweetrangeg, well et keng Géigekandidature ginn. Interesséieren dierft deemno de Score, mat deem dës nei Ekipp ëm de Luc Frieden wäert gewielt ginn.
Et fält op, datt kee Vertrieder aus dem Oste méi wäert un der Spëtzt vun der CSV stoen, ausser dem Bezierkspresident, deen an der Partei-Exekutiv dobäi ass.
© RTL Grafik