D'Partei Fokus trëtt den 9. Juni bei den Europawalen un. Ma aktuell rumouert et intern an et gesäit ee sech mat juristesche Problemer konfrontéiert

An déi kommen zum Beispill duerch de fréiere Generalsekretär Gary Kneip, dee mëttlerweil aus der Partei ausgeschloss gouf. Hien huet Plainte beim Parquet Lëtzebuerg gemaach, dat wéinst Violatioun vum Bréifgeheimnis. Dat krut RTL op Nofro hi vum Parquet confirméiert. Viséiert sinn eng Partie Membere vun der Parteileedung, dorënner de President Marc Ruppert an d'Generalsekretärin Anne Winter. De Spriecher Frank Engel ass iwwerdeems net concernéiert.

Bei der Partei Fokus rumouert et weider (Reportage Marc Hoscheid)

Konkret reprochéiert de Gary Kneip Deeler vun der Parteispëtzt, Mailen, déi vu Fokus-Adresse fortgeschéckt respektiv u Fokus-Adresse geschéckt goufen, mat Hëllef vum informatesche System ofgefaangen a gelies ze hunn. An enger Sëtzung vum Nationalcomité hätt hie Virwërf gemaach kritt, déi an Zesummenhank mat Maile géinge stoen, déi ënnert verschiddene Parteimembere hin an hier goungen. Doranner goufen ënnert anerem den Ëmgank mat de Parteifinanzen an dem Frank Engel säi Behuele vis-à-vis vu kritesche Parteimembere bemängelt. De Marc Ruppert weist d'Reprochen, et hätt ee Mailen ofgefaangen, zeréck. De Contenu wier engem op Pabeier zoukomme gelooss ginn. Hie spillt de Ball iwwerdeems zeréck a kritiséiert de Gary Kneip.

Marc Ruppert hält sech mat Detailer zeréck

 

"Datt dat mam Här Kneip sengem System méiglech ass, war dem Bureau exécutif och net bekannt an ech fannen et réckbléckend ganz problematesch. Ech hätt mer gewënscht, den Här Kneip hätt als Generalsekretär dee System ni sou opgebaut, da kéint en haut och net esou eng Behaaptungen opstellen, also do ass näischt drun."

 

Wéi genee den Inhalt vun de Mailen un d'Partei erugedroe gouf, wëllt de Marc Ruppert iwwerdeems net soen, dat mat Verweis op d'Plainte, vun där een awer nach net offiziell wéist. Vum Parquet heescht et iwwerdeems, et hätt een nach keng Decisioun zur Suite vun der Plainte geholl.

Jacques Linster huet Affekot ageschalt

Wéi et an deem dote Fall weidergoe wäert, bleift also ofzewaarden. Ma Fokus dreet och nach juristeschen Ierger mat engem anere Member, deen ausgeschloss gouf. De fréieren Tresorier Jacques Linster fuerdert nämlech iwwert 40.000 Euro, déi nach vun engem Bank-Prêt opstinn, op ee Coup zeréck.

 

De Jacques Linster seet nämlech, datt hien net dorobber vertraue géing, datt d'Partei him, sou wéi si et annoncéiert huet, all Mount eng Tranche zeréckbezilt. Hien hätt keng Garantie, sou datt dee ganze finanzielle Risiko op senger Säit leie géing. En plus géing de Montant, dee Fokus him zanter Januar iwwerweist, genee 2.688,48 Euro, ënnert deem leien, wat hien der Bank bezuele muss. Wéi vill dat ass, wëllt de Jacques Linster awer net soen. Hie wéilt elo mat Hëllef vun engem Affekot u seng Sue kommen.

Daniel Miltgen kritiséiert Choix vum Monica Semedo

De Marc Ruppert kann déi Fuerderung net novollzéien. Et wier vun Ufank u kloer gewiescht, datt een de Prêt net op ee Coup zeréckbezuele kéint, well een déi staatlech Parteiefinanzéierung, op déi een nom Resultat bei de Chamberwale Urecht huet, Mount fir Mount ausbezuelt kritt. An enger Lettre de confort, déi am Kader vum Ofschloss vum Prêt ënnerschriwwe gouf an déi RTL virläit, gëtt iwwerdeems net präziséiert, wéi d'Suen zeréckbezuelt musse ginn, mee just, datt dat vun deem Moment u passéiere muss, wou Fokus déi staatlech Subventioune kritt.

Virum Hannergrond vun deene ganzen interne Streidereien ass ëmmer nees ze héieren, datt vill Memberen d'Partei verlooss hätten, wat de Marc Ruppert awer dementéiert. Sécher ass awer, datt de fréiere President vum Fonds de Logement, Daniel Miltgen, net méi bei Fokus ass. Hien an de Frank Engel wiere vun Ufank un net mateneen eens ginn, spéider hätten dann e puer Evenementer d'Faass zum Iwwerlafe bruecht.

"Dat war seng Reaktioun no de Parlamentswalen, dat war eigentlech mat ausschlaggebend, fir datt ech gesot hunn, nee hei mat deem do wëlls de näischt méi ze doen hunn. An da schlussendlech, wat ech eng Katastroph fannen, dat ass déi Geschicht mam Monica Semedo, well ech ganz genee weess, wat déi Persoun faktesch gestiicht huet."

 

Hie wier och dovunner iwwerzeegt, datt vill méi Leit Fokus verlooss hätten, wéi d'Parteileedung dat duerstellt. Hie geet vun 30 bis 40 Leit an deene leschte Méint aus.