Lëtzebuerg op Plaz 8 vun de glécklechste Länner
Um internationalen Dag vum Gléck hunn d'Vereenten Natioune rëm hire "World Happiness Report" publizéiert an do schneit de Grand-Duché nawell gutt of.
Den 20. Mäerz ass den internationalen Dag vum Gléck. Schonn 2012 hunn d'Vereenten Natiounen den Dag offiziell ausgeruff, fir dorop hinzeweisen, datt et fir jidderengem säi Wuel wichteg ass, frou ze sinn an et e Liewenszil fir jidderee soll sinn.
An deem Kontext gëtt all Joer de "World Happiness Report" publizéiert, dee berechent, wou d'Mënschen op der Welt am glécklechste sinn. Fir dat 7. Joer hannertenee läit Finnland am Happiness-Index op der éischter Plaz. Dat virun Dänemark an Island.
Lëtzebuerg läit am allgemenge Ranking op der 8. Plaz vun 143 Länner, bei den ënner 30 Joer ale souguer op Plaz 6. Bei de Mënschen am Alter vu 60 Joer oder méi packt de Grand-Duché et allerdéngs net an d'Top-10, mä op eng 12. Plaz. Doraus schléisst de Rapport, datt déi Jonk zu Lëtzebuerg méi glécklech si wéi déi méi al Generatiounen.
Bei eisen Nopere gesäit et am Länner-Ranking tëscht 2021 an 2023 éischter manner gutt aus. D'Belsch beleet hei eng 16. Plaz, virun Däitschland mat enger 24. Plaz a Frankräich op Plaz 27.
De Ranking baséiert op enger sëllege Krittäre wéi zum Beispill der Aschätzung vun de Leit a punkto Liewenszefriddenheet, gekoppelt och un de PIB oder d'Sécherheetssituatioun vun engem Land.






Firwat sinn d'Lëtzebuerger esou glécklech?
Ënnert anerem dréit déi héich Kafkraaft zu Lëtzebuerg zum Wuelbefanne vun den Awunner bäi. An och wa Lëtzebuerg bei de soziale Kontakter vun de Bierger manner gutt ofschneit, ass déi héich Liewenserwaardung bei gudder Gesondheet e weidert Argument fir de Grand-Duché.
Donieft fille sech d'Awunner vu Lëtzebuerg dem World Happiness Report no awer och fräi an hire Liewensentscheedungen, wat eng ganz wichteg Konditioun fir Gléck ass. Doriwwer eraus droen och d'Generositéit vun de Lëtzebuerger zum Gléck bäi, grad ewéi d'Gefill, datt et net vill Korruptioun hei am Land gëtt.
Wou kommen d'Zuelen hier?
De Statec kuckt sech am ganzen 21 Indicateuren un, fir erauszefannen, wéi et de Leit geet, erkläert den Direkter Serge Allegrezza. "Déi moossen zum Beispill d'Inegalitéiten, d'Life/Work-Balance, den Impakt vum Environnement op d'Leit, d'Ausgabe fir de Loyer. Dat heescht eng ganz Rei vun Indicateuren, déi d'Liewensqualitéit vun de Leit erëmspigelen. Meeschtens objektiv, awer och déi subjektiv, déi gefillten. An déi muss net an déi nämmlecht Richtung goen wéi de PIB."
Allgemeng wier d'Liewensqualitéit an de leschte Joren eropgaangen, mä aktuell zum Beispill duerch héich Logementskäschten an duerch e Gefill vun Onsécherheet liicht erofgaangen. Den Dr Senyo Fofo Amétépé vum Statec erkläert
"Ce qu'on a remarqué c‘est que au niveau de l‘anxiété et au niveau de la satisfaction les personnes plus jeunes, donc moins de 45 ans, sont moins satisfait de leur vie que les plus âgés. Je pense que c‘est lié au fait que ce sont des gens qui sont sur le marché du travail, qui ont des enfants et qui ont des emprunts et sont moins satisfaits alors que les plus âgés sont globalement plus satisfait."
Och d'Aarbecht spillt eng grouss Roll punkto Wuelbefannen. 86 Prozent vun de Leit hei am Land sinn zefridde mat hirem Job. Ma 21 Prozent fannen, dass se net adequat bezuelt sinn, erkläert Dr Anne Hartung vum Statec.
"Dann gibt es aber auch noch andere Faktoren, die nachteilig sind für die Arbeitszufriedenheit und das sind Überstunden. Leute die mehr als 5 Überstunden pro Woche machen. Ein langer Arbeitsweg hat auch einen negativen Einfluss. Dann ein Fehlen an Autonomie oder Flexibilität im Bezug auf die Arbeitsstunden. Also dass man entscheiden kann, mit einem gewissen Ausmaß, wann man anfängt oder aufhört, so dass man sein Privatleben danach arrangieren kann."
Och d’Gesondheet spillt eng Roll. Zum Beispill weist de Rapport, dass d'Obesitéit d'Leit méi onglécklech mécht. Dat wier bei Fraen och méi däitlech ausgepräägt wéi bei Männer.