Grad, wou Lëtzebuerg viru groussen Defie steet an de Lëtzebuerger Modell u seng Limitte stéisst, ass d'Land am Schleekentempo. Mee dat ass keng Fatalitéit.

Dat ass de Fazit vun der Fondatioun Idea, déi vun der Chambre de Commerce geschaaft gouf. En Donneschdeg gouf der Presse de Joresrapport presentéiert.

Aus deem geet ënnert anerem ervir, datt d'Kompetitivitéit aus diverse Grënn, mee virun allem wéinst den héije Logementskäschten ofhuele géing. Donieft géing d'Produktivitéit op engem héije Niveau stagnéieren an de Staat gläichzäiteg ëmmer méi Wirtschaftswuesstem opbrauchen.

Engersäits missten d'Immobiliëpräisser manner séier klammen, anerersäits wier eng Reform vum Pensiounssystem inevitabel. Wat déi méi séier géing gemaach ginn, wat se manner schwiereg a méi sozial kéint sinn.

Den Direkter vun Idea, de Vincent Hein, huet awer och eng optimistesch Bemierkung gemaach: et kéinten ëmmer positiv wirtschaftlech Iwwerraschunge ginn, zum Beispill wann nei Aktivitéitssecteure fonnt ginn, déi zousätzleche Räichtum schafen.

Dann huet d'Fondatioun och Iddie presentéiert, dorënner eng, wéi Lëtzebuerg selwer kéint méi Talenter ervirbréngen, an zwar mat neien zousätzleche Boursse fir Studien an Exzellenz-Beräicher.