Partei presentéiert komplett Lëscht fir Europawalen
© Fokus
D'Partei Fokus huet e Samschdeg de Moien hir Lëscht an hire Programm fir d'Europawalen ugeholl.
Nieft de Spëtzekandidate Frank Engel a Monica Semedo, déi ewell bekannt waren, sinn de Parteipresident an Ex-DP-Generalsekretär Marc Ruppert, d'Generalsekretärin Anne Winter, d'Vizepresidentin Anne Lecuit an de Rick Oberweis, deen och am Nationalcomité vun der Partei ass, op der Lëscht.
Keng aner Lëscht hätt Kandidate mat esou vill Erfarung am Europaparlament, sot de Marc Ruppert um Kongress vun der Partei um Schlass zu Veianen, deen op Facebook iwwerdroe gouf. D'Partei vum fréiere CSV-President a fréiere CSV-Europadeputéierte Frank Engel war d'lescht Joer fir d'éischte Kéier bei de Gemengen- a Chamberwalen ugetrueden.
Virun e puer Woche war bekannt ginn, datt d'Europadeputéiert Monica Semedo Fokus bäigetruede wier a mat der Partei an d'Europawale géing goen. Si war 2021 no engem Mobbing-Skandal aus der DP ausgetrueden. D'EU-Deputéiert gouf schonn zwee Mol wéinst dem Ëmgang mat hire Mataarbechter vum Europaparlament sanktionéiert.