Weider erstaunlech Chifferen am Dossier CMCM
                    CMCM steet fir "caisse médico complémentaire mutualiste" an déi kënnt an de leschte Wochen net aus de Schlagzeilen.
Do ass besonnesch een interne Finanzrapport, deen de Remuneratiounssystem besonnesch um Niveau vum Generaldirekter kritesch ënnert d'Lupp geholl hat, mat der Konklusioun, dass et een onduerchsichtegen an amateurhafte System wier, verbonne mam Risk vu Steierbedruch.
Beim Rapport, deen un de Ministère vun der Sécurité sociale geschéckt gouf, sinn eng Dosen Annexen an do kann een deels nëmme staunen.
Mir hunn de Rapport mat den Annexe schwaarz op wäiss. De Generaldirekter kritt ee Basisgehalt plus Jetonen, fir d'CMCM ze vertrieden. Derbäi kommen Avantagen, wéi zum Beispill Zousazpensioun oder d'Recht op eng Invaliderent an nach anerer. D'Invaliderent huet als Referenz zu 20% d'Karriär beim Staat um Niveau S1 an zu 80% um Niveau S2.
S2 entsprécht der Pai vun engem Staatssekretär.* Beim Generaldirekter vun der CMCM koum awer nach emol ee Forfait vun 18.000 Euro d'Joer, also 1.500 Euro de Mount, derbäi fir Representatioun a Kilometergeld. An dat obwuel an der Jobdescription fir de Poste vum Generaldirekter Fabio Secci kloer drastoung, dass et och ëm d'Vertriede vun der CMCM no Bausse geet. Pro Jeton, dee verrechent gëtt, ginn et iwwer 60 Euro d'Stonn méi um Compte wärend den normale Schaffstonnen. Et gëtt iwwer 120 Euro an der Mëttesstonn, méi wéi 180 Euro owes no 18 Auer.
Knapp 250 Euro samschdes a gutt 300 sonndes an op Feierdeeg. Basis ass den Index am Joer 2020. Duerch de ganze Jetonssystem gouf et d'CMCM zum Beispill am Joer 2021 mat ronn 25.500 Euro wäit méi deier wéi déi 18.000 Euro Forfait d'Joer an d'Interpretatioun vun "Frais de Représentation" ass am Fall Secci nawell schwéier strapazéiert gi fir Aktivitéiten, déi u sech zur normaler Aarbecht vun engem Generaldirekter gehéieren.
Hei e puer Beispiller aus den Annexen: Pro Iesse mat engem Member vum Verwaltungsrot zwee Jetone vun iwwer 60 Euro. Allkéiers op d'mannst iwwer 120 Euro u Jetonen, wann de Generaldirekter vun der CMCM de Conseil vun der CMCM iwwer d'Dagesgeschäft vun der CMCM an d'Bild gesat huet.
Verrechent goufen och Reuniounen zum Thema neien Informatiksystem fir d'Mutuelle, Reunioune wéinst dem Chantier vum neien CMCM-Siège zu Hollerech a sou weider. Intressant och d'Presenz vum Generaldirekter bei de Réiser Päerdsdeeg fir eppes iwwer 180 Euro, bei engem Chrëschtmaart op der Musel fir gutt 300 Euro, plus bal grad esouvill fir d'Madamm, déi och an der CMCM-Direktioun ass. Als Koppel gouf et graff gerechent tëscht knapp 1.000 an iwwer 1.500 Euro op de Kapp fir Representéieren am Ausland.
Firwat d'Presenz als Koppel ass schwéier soen. Ee weidert Beispill ass dem Generaldirekter Secci säin Asaz beim Télévie, en Asaz, deen u sech benevole a fir de gudden Zweck misst sinn. Am Fall CMCM-Generaldirekter goufen dofir Jetone fir Honnerten Euro verrechent. Och d'Presenz um Gesondheetsdësch krut d'CMCM fakturéiert.
De Generaldirekter vun der CMCM ass awer net just mat Pai a Jetone wuertwiertlech fein ënnerwee. An do si mer beim Déngschtwon. Där ginn, respektiv gouf et zënter 2017 eng hallef Dosen. Zwee, déi kaaft goufen, déi aner am Leasing.
De Fabio Secci war bis viru kuerzem an engem Range Rover ënnerwee, deen d'CMCM sech mat Attache-Remorque iwwer 130.000 Euro kaschte gelooss huet, amortiséiert iwwer ronn véier an en halleft Joer. Derbäi, eleng am Joer 2022, op CMCM-Käschte fir deen Auto ronn 2 Fudder Sprit. An de Méint Juni, Oktober an November waren et Tankrechnungen tëscht knapp 500 a bal 600 Euro. Parallel also zum Forfait vun 1.500 Euro de Mount, bei deem d'Kilometergeld nieft der Representatioun schonn dra war.
De Generaldirekter huet déi deier Maschinn wuel och exklusiv benotzt, de Won hat ëmmerhi seng Initialen um Nummereschëld.
Trotzdeem krut d'Steierverwaltung op Nofro de 25. Mee 2022 geschriwwen, dass all d'Ween an engem Pool fir an der Haaptsaach Direktiounsmembere sinn an dat just fir berufflech Deplacementer. Et géif also keen "avantage en nature" ginn, deen evidenterweis ze versteiere gewiescht wier.
Am Rapport vun der interner Finanzkommissioun geet Rieds vun engem amateurhafte Remuneratiounssystem, verbonne mam Risk vu Steierbedruch.
De Generaldirekter hätt eng duebel an esouguer dräifach Remuneratioun gehat, déi eventuell net richteg versteiert gouf. D'CMCM géif do riskéieren, Co-Auteur vu steierleche Magouillen ze ginn.
Wéi de Fall CMCM rezent an der zoustänneger Chamberkommissioun Sujet war, gouf gesot, dass een als Politik net vill Upak huet, well alles via Verwaltungsrot an Assemblée den Aval krut. Ee Verwaltungsrot, deen Enn September 2021 mat ënnert anerem dem Generaldirekter fir 6.300 Euro an de Stärerestaurant Fani war. Do war d'Summerfest mam Personal an der Schéiss am Juli 2021 fir 4.500 Euro scho bal geschenkt.
Eisen Informatiounen no soll nach dës Woch eng offiziell Stellungnam vum Verwaltungsrot vun der CMCM kommen.
*Zousazpensioune bei der CMCM gëlle fir dat ganzt Personal an dës sinn am Kollektivvertrag festgehalen. D'Chifferen an eisem Artikel entspriechen net deene beim Staat. S1 steet fir de Plafond cotisable, wat 5 mol dem Mindestloun entsprécht. S2 steet fir e separaten Taux fir all Revenuen déi iwwer den S1 erausginn.