Honnerten Accidenter, bei deene Leit blesséiert goufen an ëm d’Liewe komm sinn, wieren op e Konstruktiounsfeeler am Lëtzebuerger Wierk zréckzeféieren.

Dat ass d’Conclusioun vun enger Enquête, déi déi franséisch Zeitung Le Monde viru kuerzem publizéiert huet.

De Virworf vis-à-vis vu Goodyear ass follgenden: De Pneueconstructeur huet, fir seng Reputatioun ze schützen, keen obligatoresche Rappell vu senge Pneue gemaach, obwuel ëmmer méi Accidenter geschitt sinn, mee just e fräiwëllegen Ëmtausch-Programm fir d’Zefriddenheet vun de Clienten.

Fabrikatiounsfeeler a Camionspneue vu Goodyear? Reportage Michèle Sinner

D’Journaliste vu Le Monde stäipe sech an hirer Enquête op intern Dokumenter vu Goodyear, déi weisen, datt d’Firma onbedéngt en offizielle Réckruff an déi domat verbonne Medienopmierksamkeet wollt evitéieren, fir hire Ruff ze schützen. Si huet och vis-à-vis vun de Camionsconstructeuren an de Revendeure vun de Pneue verséchert, et géif kee Sécherheetsprobleem mat de Pneuen. Dat weisen och Dokumenter, déi antëscht RTL virleien. D’Pneue géife just a bestëmmte Konditioune platzen, zum Beispill, wann et ze waarm wier oder se net genuch opgeblose wieren.

Den Ëmtausch-Programm vu Goodyear huet 2013 a Spuenien ugefaangen, nodeems sech do Accidenter geheeft hunn, a gouf no a no op Europa ma och Asien ausgeweit. E gouf en cours de Route och op véier Modeller ausgebaut an ass bis 2016 gelaf. Am problemateschste war dobäi de Modell Marathon LHS II+ an den Dimensiounen 385/65 R22.5. Den Austausch-Programm huet och net just déi punktuell Produktioun vun e puer Woche betraff, ma fir dëse Pneu d’Produktioun vu bal véier Joer.

Den Informatioune vun de franséische Journalisten no louch awer schonn am Oktober 2014, also zwee Joer virdrun, e Rapport d’expertise wéinst engem déidlechen Accident fir, deen als eenzeg Ursaach e Konstruktiounsfeeler gesäit. De Pneu, deen am Summer 2014 geplatzt war, a bei deem am Accident e Familljepapp gestuerwen ass, war vun deem fräiwëllegen Ëmtausch-Programm viséiert. Goodyear gouf fir dëse Rapport consultéiert, war also au courant.

Trotzdeem huet Goodyear hire fräiwëllegen Ëmtausch-Programm net an en obligatoresche Rappell vun hire Pneue verwandelt, am Géigesaz zu anere Constructeuren. Sou huet beispillsweis Continental 2015 Camionspneuen zeréckgeruff, wéi een um Safety Gate vun der Europäescher Kommissioun nokucken kann.

Goodyear huet awer intern Buch gefouert iwwert d’Accidenter an doriwwer, wéi vill Schuedenersatz se jeeweils fir Materialschued oder fir Blesséiert an Doudesaffer bezuelt hunn. Aus engem Dokument, wat RTL virläit, geet ervir, datt Goodyear selwer vun 2013 bis 2017 fir Spuenien, Frankräich an Holland 247 méi oder manner schwéier Evenementer gezielt huet. Fir dat uewe genannten Accident hat Goodyear deemno bal eng Millioun Euro fir Affekotefraise verbucht an 10 Milliounen Euro Schuedenersatz provisionéiert.

De Parquet vu Besançon huet eng ganz Rei Fäll vun Accidenter rapatriéiert. Et sinn zwou Informations judiciaires wéinst Homicide involontaire op, mee eng Uklo gëtt et nach net. De Moment wéilt hie sech net äusseren, sot de Procureur op RTL-Nofro hin.

Goodyear wollt RTL keen Interview ginn an och soss keng Froe beäntwerten. De Communicatiounsdepartement vum Betrib huet awer wësse gelooss :

“Rien n’est plus important pour Goodyear que la sécurité et la qualité de ses produits et des personnes qui les utilisent.

Il y a dix ans, suite à des retours clients, Goodyear a pris l’initiative de lancer un programme d’échange concernant certaines catégories de pneumatiques poids-lourds qui étaient commercialisés à cette période. Ce programme a été mis en œuvre de manière rigoureuse et transparente, en coordination avec les autorités compétentes, pour échanger le plus de pneumatiques possible.”
 
Goodyear tient à préciser qu’aucune de ses gammes de dernière génération n’a fait partie du programme d’échange visé ci-dessus et mis en œuvre il y a dix ans.”