D'Policebeamtin, déi am Abrëll 2018 bei engem schwéieren Accident tëscht zwee Policeautoen um Lausduer schwéier blesséiert gouf, ass dout.

D'Mamm vun zwee Kanner hat schwéier gesondheetlech Schied dovugedroen a si ass elo un de Sequellë vum Accident verscheet.

Zu den Hannergrënn: Am Abrëll 2018 war et jo zu engem schwéieren Accident um Lausduer komm, wéi zwee Policeween d'Poursuite vun engem Chauffer opgeholl haten, dee virun enger Alkoholkontroll op der Wemperhaart geflücht war.

Wéinst engem Malentendu ware bei der Poursuite zwee Policeween kollidéiert. Ee Policeauto hat op der Héicht vum Lausduer an der Strooss d'Kéier gemaach. Eng zweet Policecamionnette ass du mat héijer Vitess dragerannt.

Den ugeklote Polizist, deen um zweet-genannte Gefier um Steier souz, gouf am Oktober 2022 fräigesprach. Den ugekloten ziville Chauffer, dee virun der Policekontroll fortgefuer war, krut eng Geldstrof vun 1.000 Euro an e Fuerverbuet vun 18 Méint op Sursis.

Ee Beamte war op der Plaz gestuerwen, d'Polizistin war liewensgeféierlech blesséiert ginn an ass elo wéi gesot gestuerwen.