No der Wal ass virun der Wal: 4 Walen an 12 Méint. Mam Superwaljoer 2023 an de Sozialwalen den 12. Mäerz kënnt lo mol déi lescht Wal fir eng Zäitchen.

Et ass eng richtungsweisend Wal fir den europäesche Kontinent. Gläichzäiteg ass et en éischt Bolsfillen no de Chamberwale vu viru 6 Méint. Tëscht dem 6. an 9. Juni ginn uechter d'ganz EU d'Representante fir d'Parlament gewielt. Zu Lëtzebuerg ass de Stéchdatum den 9. Juni. Hei decidéiert sech, wien zu Stroossbuerg, respektiv Bréissel dierf weider schaffen, respektiv wien nei noréckelt. Hei ass Lëtzebuerg aktuell bei 2 Sëtz fir d'CSV, 1 fir d'DP, d'LSAP an déi gréng. An eng onofhängeg Deputéiert.

RTL

All Persoun, déi an der Wielerlëscht agedroen ass, muss all 5 Joer wiele goen, fir déi lëtzebuergesch Vertrieder am Europaparlament ze bestëmmen. Si decidéiere mat iwwer Gesetzer, déi sech EU-wäit applizéieren an domat d'Liewe vun eis alleguer beaflossen. 6 Vertrieder gi gewielt – also huet een och 6 Stëmmen ze gutt. D'Wallëschte sinn iwwregens fir all Bezierk déi nämmlecht. Et gëtt just ee Walkrees - net ewéi bei de Chamberwalen am Oktober d'lescht Joer. Et sinn iwweregens 13 Parteien a Gruppementer bei dëse Wale vertrueden.

RTL

Populatioun wiisst - an domat och d'Zuel u Leit, déi dierfe wiele goen

Jiddereen, deen d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet, muss wiele goen. Ënnert der Konditioun, datt een um Dag vun de Walen 18 Joer huet.

Wéi bei de Gemengewalen dierfe bei den Europawalen och Net-Lëtzebuerger hir Stëmm ofginn. Se mussen awer EU-Bierger sinn an am Grand-Duché wunnen. Wien hei awer bis ewell nach net gewielt huet an et dëst Joer awer wëll, muss een Datum am A behalen: De 15 Abrëll - also 55 Deeg virun der Wal. Bis e Méindeg muss ee sech deemno agedroen hunn.

Well och wann ee sech als EU-Bierger fir d'Gemengewalen ugemellt hat, gëtt dat leider net fir d'Europawalen transferéiert. Et muss een nach eng Kéier duerch de ganze Prozess goen. Entweder op myguichet.lu oder op der Gemeng selwer.

Eng ganz Rëtsch Net-Lëtzebuerger hunn d'Recht ze wielen

Bei den Europawalen 2019 hate ronn 22.000 Net-Lëtzebuerger sech op d'Wieler-Lëscht agedroen. D'Participatioun vun Auslänner bei de Walen zu Lëtzebuerg klëmmt - lues, awer se klëmmt. Dem Cefis, dem Centre d'Etudes et de Formation Interculturelles et Sociales, no louch d'Walbedeelegung bei den Europawale virun 10 Joer bei 14%. Bei de Gemengewalen d'lescht Joer waren et ronn 20%, also 50.000 Net-Lëtzebuerger.

Bei den Europawalen hunn theoretesch 200.000 Bierger d'Recht hir Stëmm iwwert de Grand-Duché ofzeginn.

RTL

D'Bréifwal huet sech déi lescht Méint als immens populär bewisen

Bei de Chamberwalen huet quasi all véierte per Bréif seng Kräizer gemaach. Ewéi bei deene villen anere Wale vun de leschte Méint däerf ee sech och am Juni net vertriede loossen – wann een also net do ass, gëllt et, d'Bréifwal unzefroen. Och de Lëtzebuerger, deen am Ausland wunnt, muss d'Bréifwal ufroen.

Dat gëtt bei der Gemeng gemaach, wou ee soss och seng Kräizer gemaach huet. Fir d'Bréifwal kann ee sech och mëttlerweil schonn umellen – dat bis de 15. Mee. Wann een am Ausland wunnt, muss ee bëssen éischter u sinn, fir datt de Bréif och rechtzäiteg ukënnt: hei ass de Stéchdatum den 30. Abrëll.

D'Ufro geet ganz bequeem vun doheem via myguichet.lu – respektiv traditionell per Post, respektiv direkt bei der Gemeng selwer.

D'Kandidate fir d'Europawalen
Bis 18 Auer e Mëttwoch den Owend konnten um Stater Geriicht d'Lëschte fir d'Europawale vum 9. Juni deposéiert ginn. Um Enn sinn et 13 politesch Parteien oder Gruppéierungen, déi mat all Kéier 6 Kandidate bei den Europawalen untrieden. Dat ass en neie Rekord. Nieft den Traditiounsparteie sinn och nees méi kleng Parteien dobäi.

Wien trëtt fir Lëtzebuerg bei den Europawalen un?
De Pierre Jans presentéiert d'Parteien a Gruppéierungen, déi d'Lëtzebuerger dëst Joer an d'EU-Parlament wiele kënnen.