Aus allen Ecker vum Land sinn d’Kanner mat hirer Maison Relais oder hiren Dageselteren an d’Stad an de Forum Geesseknäppchen gereest. Mat dobäi och d’Noemie, d’Clara an den Alexandre. Fir d’Kanna Niuuss huet RTL hir Grupp vun Alzeng begleet. E wéineg opgereegt sinn d’Kanner schonn, soe si. Ëmmerhin hu si et an der Hand, wéi eng Projeten ausgezeechent solle ginn.
De Kannerpräis gëtt dëst Joer fir d’éischte Kéier verginn. 102 Projete goufen agereecht. Genee wéi beim Jugendpräis, sollen och hei d’Kanner selwer d’Gewënner wielen. Mat engem energeschen “Wëllkomm an eiser Welt” loossen d’Mataarbechterinne vum SNJ, dem Service national de la Jeunesse, déi virwëtzeg Kanner eran. Den SNJ huet de Kannerpräis lancéiert. D’Welt, dat sinn aacht Zelter, vill Girlanden, faarweg Luuchten an de Lëtzebuergesche Sänger Khalid Oke, deen duerch de Moie féiert, mat enger Energie, déi d’Kanner direkt mathëlt.
Et gëtt gesongen, gedanzt an no engem kuerze Kenneléieren, ginn d’Kanner a Gruppen agedeelt. Am Ganze gëtt de Kannerpräis nämlech an zwou Altersgruppe verginn: Vun 0 bis 4 Joer a vu 4 bis 12 Joer. An deene verschiddenen Altersgruppe ginn et all Kéiers d’Kategorien “Meng Meenung”, “Mäin Asaz”, “Meng Identitéit” a “Meng Gesondheet”. Domadder ginn et also aacht Gewënner.
D’Clara an d’Noemie kréien an hirem Zelt d’Projeten zum Thema Gesondheet virgestallt. Zum Beispill de Projet “Kannermenü”, bei deem d’Kanner selwer dierfen eraussichen, wat si iesse wëllen. “Dat wëll ech och bei eis an der Maison Relais!”, esou d’Clara spéider am Interview. Dowéinst wëll hat fir dee Projet stëmmen.
Selwer entscheeden, wat et z’iesse gëtt an dobäi och nach léieren, wat gesond ass a wat net, dat fënnt och d’Noemie eng gutt Iddi. An hirer Grupp hu si awer net iwwer d’Favoritte geschwat. D’Betreierin vum SNJ huet de Kanner nämlech erkläert, dass jidderee seng eege Meenung kann hunn. Wat déi aner gutt fannen ass net esou wichteg.
Eng ganz Rei Projete setze sech mam Thema Naturschutz auserneen. Och d’Zesummeliewe mat eelere Leit ass e wichtege Sujet. Den Alexandre hëlt fläisseg Notten. Hie fënnt besonnesch e Projet, bei deem d’Kanner an en Altersheem ginn a mat eelere Leit bastelen, ganz flott. Nodeems déi dräi Finalisten an de verschiddenen Zelter presentéiert goufen, geet et an d’Entscheedungsphase.
An engem Spill dierfen d’Kanner dann – jidderee fir sech – fir hir Kategorie entscheeden, wéi ee Projet si am beschte fannen. 1, 2 oder 3? D’Musek leeft, d’Luuchte spille verréckt an d’Kanner lafe ronderëm. Wann d’Musek ausgeet, musse si sech entscheeden an op d’Nummer vun hirem Favorit sprangen. Soubal d’Luucht ugeet, gëtt gekuckt, op wéi enger Zuel déi meeschte Kanner stinn a wéi ee Projet gewonnen huet.
D’Gewënner ginn awer nach net verroden! D’Präisiwwerreechung ass nämlech eréischt de 4. Mee. Ze gewanne ginn et 500 Euro. Suen, mat deenen d’Kanner vill nei spannend Aktivitéite kënnen ëmsetzen.
D’Noemie, den Alexandre an d’Clara haten och selwer e Projet agereecht, bei deem et dorëms gaangen ass Knascht vum Buedem anzesammelen. Hire Projet huet et awer net ënnert déi 24 Finaliste gepackt. Den Alexandre fënnt dat net schlëmm: “Heiansdo gewënnt een an heiansdo verléiert een”. An ëmmerhin ass dat Ganzt eng Erfarung wäert, déi d’Kanner esou séier net wäerte vergiessen.