Déi jonk CSV-Politikerin sëtzt an der Chamber an am Diddelenger Gemengerot. Eppes, wat si béides mat "Häerzblutt" mécht.

Chamber, Diddelenger Gemengerot, CSV-Generalsekretärin an niewebäi nach Fuerschung – d'Françoise Kemp huet e volle Programm, dee si awer mat engem strukturéierte Kalenner gutt gemanaged kritt, wéi d'Politikerin eis erzielt.

D'Politik an d'Wéi geluecht kritt

D'Deputéiert a Gemengeconseillère wunnt schonn hiert ganzt Liewe laang zu Diddeleng, wat een och bei eisem Treffen an hirer Heemecht mierkt - vun alle Säite gëtt si begréisst. D'Politik krut d'Fra vun 32 Joer quasi an d'Wéi geluecht. Scho bei hirer Bom beim Mëttegiessen ass iwwer Politik diskutéiert ginn – hire Bop war an der LSAP, hir Elteren allebéid an der CSV aktiv. Bei dräi Generatiounen un engem Dësch war een dann och net ëmmer enger Meenung, wouduerch et ëmmer e "ganz liewegen Debat" gouf. "An dat ass jo och eigentlech dat, wat ech ëmmer gesot hunn, firwat d'Vollekspartei esou wichteg ass. Well jiddereen huet seng Meenung a jidderee ka seng Plaz do fannen."

RTL

© RTL

Esou huet d'Françoise Kemp och fréi geléiert, datt, wann een eppes verännere wëll, ee sech engagéiere muss – de Grond, firwat si an d'Politik gaangen ass. Scho mat 16 Joer ass si an d'CSJ, d'Jugendpartei vun der CSV, gaangen. Fir d'CSV huet si sech decidéiert, well si sech mat der chrëschtlech sozialer Partei "am beschten identifizéiere kann". Mat 26 war si eng éischte Kéier fir eng Kandidatur fir d'Chamberwale gefrot ginn. En Challenge, op deen d'Françoise Kemp sech gefreet huet. 2023 huet et du souguer duebel geklappt: si ass als Deputéiert an d'Chamber nogeréckelt a koum als Conseillère an den Diddelenger Gemengerot.

"Fuerschung méi no bei d'Politik bréngen"

Elo wëll déi jonk Fra sech fir hir Wäerter asetzen. Hir politesch Prioritéite leien haaptsächlech an der Digitaliséierung, Héichschoul a Recherche – deem Beräich, aus deem si hierkënnt. Virun hire Mandater als Deputéiert a Gemengeconseillère huet d'Datenanalytikerin 5 Joer laang an der Fuerschung geschafft. En Thema, dat der jonker Politikerin immens um Häerze läit. Och nieft der Aarbecht an der Chamber an zu Diddeleng probéiert si esou gutt wéi méiglech informéiert ze bleiwen a schafft och haut nach u Publikatiounen. "Ech hunn der Fuerschung net komplett de Réck gedréint an ech hoffen, dass nach e puer Fuerschungsprojeten niewebäi kënne gemaach ginn."

D'Françoise Kemp setzt sech och dofir an, datt d'Wëssenschaft an der Politik "méi Fouss faasst". Fir eng "besser Politik kënnen ze maachen", bräicht et d'Wëssenschaft. "Andeems mer wëssen, vu wéi vill Leit mer schwätzen, wa mer eng gewësse Politik wëllen ëmsetzen", kéinten d'Donnéeën "eis no vir bréngen". Als Expert am Beräich 'Recherche et Analyse de Données' beim Familljeministère an an der Covid-Taskforce huet d'Fuerscherin d'Pandemie als eng Chance fir d'Wëssenschaft gesinn. Et hätt een "d'Fuerschung an d'Politik no beieneen am Sënn vun engem gemeinsamen Zil" bruecht. "An ech mengen, dass dat heiansdo nach méi kéint gefuerdert ginn, dass mer och nach haut, ausserhalb vu Pandemiezäiten, d'Fuerschung heiansdo méi no bei d'Politik bréngen, einfach well et och ëfters en anere Bléckwénkel gëtt."

Deputéiert an der Chamber: "Et ass eppes anescht, selwer an där Roll ze sinn"

Déi éischt Méint an der Chamber beschreift d'Deputéiert als "extreem grousse Léierprozess". "Ech hunn immens vill geléiert, sief et, wat et heescht, Rapporter vun engem Gesetz ze sinn, wat et heescht Plenarsëtzungen ze hunn, wéi déi oflafen, konkreet wat och hannert de Kulisse leeft vun esou enger Sëtzung an de Kommissiounen an et war immens spannend. Et huet mer richteg vill Spaass gemaach." Hir Partei hätt si iwwerdeem "ganz häerzlech opgeholl". Déi meescht Politiker huet si zwar scho kannt, ma trotzdeem wéisst een net, "wat op een duerkënnt". "Ech muss éierlech soen, ech war zimmlech opgereegt, wéi et souwäit war, fir vereedegt ze ginn. Du hues dat verfollegt op der Tëlee op ChamberTV, mee et ass awer eppes anescht, selwer an där Roll ze sinn an déi Aufgab unzegoen."

Fir seng Iddie kämpfen

D'Aarbecht vun der CSV-DP-Regierung beschreift d'Françoise Kemp als "ganz gutt Aarbecht". Et hätt ee scho vill gemaach, wéi d'Upassung vum Steierbarême an d'Initiativ a punkto Logement, "grad do, wou de Bam am meeschte brennt". Och d'Zesummenaarbecht mat der DP géing gutt klappen. Virun allem mat de méi jonken Deputéierten hätt een "en immens flotten Austausch". "Mir léiere vuneneen. Mir kucken, wou mer Kompromësser kënne fannen, wou mer e gemeinsame Wee kënne goen." An der Chamber wier mat de ville jonken Deputéierte schonn e Generatiounswiessel ze spieren, ma grad dowéinst wier et "elo de Moment, wou een nach vill vun deenen Ale ka léieren". Gläichzäiteg misst een awer och seng eegen Iddien, "den alen Huesen iwwerzeegend mat op de Wee ginn". Et wier och net forcement méi schwéier sech als jonk Fra duerchzesetzen. "Ech mengen, et geet ëm säin Engagement a seng Iddien, déi ee vertrëtt. An ech mengen, fir déi muss een antrieden a kämpfen."

Tëscht Majoritéit an Oppositioun

En Ënnerscheed tëscht der nationaler an der Gemengepolitik mécht d'Politikerin net. Si géing an der Chamber grad esou wéi am Gemengerot zu Diddeleng ëmmer alles ginn. "Wann ee béides mat Häerzblutt an Engagement mécht, kann et nëmmen en Erfolleg ginn." Als Deputéiert an der Majoritéit a Gemengeconseillère an der Oppositioun ginn et natierlech Ënnerscheeder, wat der Françoise Kemp no awer och ganz spannend ka sinn. "An der Regierung gesäit ee méi, wéi een ëmsetze kann, wat ka geschéien, wann's de wierklech fir deng Wäerter an Iddien astees. Wat an der Oppositioun heiansdo schwéier ass. Deng Iddie kommen net ëmmer un an du kanns se leider net ëmmer ëmsetzen." Ma dovu sollt ee sech awer net ofbrénge loossen. Och an der Oppositioun kéint een d'Bäll "an déi richteg Richtung stoussen".

RTL

D'Françoise Kemp am Gemengeconseil zu Diddeleng. / © RTL

Geschwëster-Duo: Françoise a Martine Kemp

Dass hir Schwëster Martine Kemp och an der Politik ass, aktuell nach als Deputéiert am Europaparlament, wier eng "immens Chance". Duerch den enke Kontakt, deen d'Schwëstere schonn ëmmer haten, tausche si sech reegelméisseg aus, wat op nationalem, respektiv europäeschem Plang beschwat gëtt a wéi déi national CSV, respektiv d'EVP-Fraktioun am EU-Parlament zu de verschiddene Sujete stinn. "An et ass immens léierräich fir béid Richtungen."