An e Liewen, wat net nëmmen ustrengend, mee och geféierlech ass. Bei der Stëmm vun der Strooss mierkt een, dass d’Zuel vun de Clientë sech an de leschten 10 Joer eleng an der Stad bal vervéierfacht huet.
Kuerz viru Mëtteg am Garer Quartier: D’Schlaang virun der Stëmm vun der Strooss ass laang, een nom anere ginn d’Clientë ragelooss fir eng waarm Moolzecht. Elo, wou d’Wanteraktioun an och de Ramadan eriwwer sinn, wier all Mëtteg nees Héichbetrib, erzielt d’Alexandra Oxaceley, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss. Tëscht 280 an 350 Moolzechte ginn eleng zu Hollerech ausgedeelt.
Duerno geet et bei Äisree fir déi meeschte Clienten nach e puer Meter virun, an de Saxophon. Hei verdeelt d’Stëmm Schlofsäck an d’Leit kënne raschten.
Mir begéinen den Alain Rayeck erëm, hien hate mir am Wanter an der Nuetswuecht kennegeléiert. Elo ass hien ënnerdaach, ma hie weess, dass d’Schlofen op der Strooss geféierlech ass, dofir misst een ëmmer op d’mannst zu Zwee sinn.
“Ech weess vu Bouneweg, do ginn et Jugendbanden, déi zéie ronderëm a maache sech e Spaass draus, fir eng Persoun, déi eleng am Schlofsak do läit, zesummenzetrëppelen. Dat ass eng Muttprouf, fir zu der Clique ze gehéieren, fir cool ze sinn. Wou een eng Persoun déi schwaach ass, mat Féiss trëppelt, bis se net méi wibbelt.”
Och den Daboné Solo lieft op der Strooss, zanter deem d’Wanteraktioun eriwwer ass, wier hien heiansdo bis 5 Auer moies waakreg. E géing da waarden, dass d’Gare opmécht, fir do kënnen ze schlofen.
Ëmmer méi Leit ginn elo dozou iwwer, an Zelter ze schlofen. Dat huet och d’Alexandra Oxaceley, festgestallt.
“Wéi ech dat am Dezember gemierkt hunn, dass Leit hei an der Stad an Zelter schlofen, dat war mir nei. Dass der am Bësch schlofen, dat wosst ech schonn. Mee et ass elo méi massiv. Elo gesäit een et vill méi, an Aarmut hëlt wierklech zou. Elo kréie mir et net méi verstoppt”.
Liewen am Zelt
De Stefan a säi Kolleeg Ferenc huelen eis mat an de Bësch um Kierchbierg. Hei wunne si zanter annerhallwem Joer Joer an hiren Zelter, zesumme mat hire Muppen Chilli a Pici.

An d’Wanteraktioun wéilte si trotz Reen a Keelt net, erkläert de Stefan. Do wieren einfach ze vill Leit an engem Raum, ze vill ënnerschiddlech Kulturen, an dat géing zu Aggressioune féieren. Ausserdeem kéinte si dann hier Hënn net bei sech hunn. Hei am Bësch fille si sech sécher, hunn et sech sou wäit wéi méiglech probéiert schéin ze maachen. Eemol an der Woch géinge si botzen, an den Dreck eemol an der Woch ewechbréngen.

Déi zwee Kolleege sinn aus Ungarn komm. De Stefan erkläert, hie géing Aarbecht sichen. En hätt Kach geléiert, mee wann ee bis op der Strooss séiz an een engem dat ugeséich, wier et schwiereg, eng Aarbecht ze fannen. Zeréck an Ungarn wier awer keng Optioun. Do géif ee keng Sue verdéngen, an d’Politik wier “verréckt”.