Wéi d'Naturverwaltung e Méindeg matgedeelt huet, gouf viru Kuerzem en doudegt Kallef op enger Weed am Raum Bruechtebaach entdeckt.

Wéi et heescht, gouf d'Kallef wuel vun engem Raubdéier gerass. Enger Expertise vun der Naturverwaltung no kann de Wollef net ausgeschloss ginn, genetesch Analysë sollen do de Beweis liwweren. Prouwe vun de Bësswonne goufe geholl, op deene kéinte Spuere vum Spaut vum Déier sinn.

Dës Prouwe vum Spaut ginn an e Laboratoire an Däitschland geschéckt, wou een op genuch verwäertbar DNA vum Déier hofft, fir kënnen erauszefannen, ob et e Wollef war oder net. Et kann allerdéngs e puer Wochen daueren, bis d'Resultat do ass, präziséiert d'Naturverwaltung.

Zanter 2017 sinn hei am Land ëmmer erëm eenzel Wëllef nogewise ginn. Am noen Ausland liewen zanter e puer Joer och erëm ganz Wollefsruddel.