D’Staatsbeamtegewerkschaft verlaangt, datt de Gehälteraccord respektéiert gëtt. Dat wär net de Fall wéinst dem Bewäertungssystem bei der Arméi.

Nach keng Regierung hat esou séier décke Buttek mat der CGFP wéi déi aktuell CSV-DP-Koalitioun. Dat huet d'Staatsbeamtegewerkschaft e Méindeg den Owend op enger Maniff ënnerstrach, op där hir Membere gewisen hunn, datt et elo duer geet an datt ongemittlech Wochen a Méint op d'Regierung kéinten duerkommen.

Jo, zum Fairplay, nee zum Vertragsbroch. Am fréie Méindeg den Owend huet d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hir Member op d'Dummeldeng mobiliséiert, fir géint d'Neesaféiere vum Bewäertungssystem bei der Arméi ze manifestéieren, dat nodeems de System duerch den Accord salarial 2022 am ganzen ëffentlechen Déngscht ofgeschaaft gouf.

De Romain Wolff an och de Steve Heiliger hu sech viru ronn 800 Memberen, déi de Wee op Dummeldeng fonnt hunn, kämpferesch gewisen. Si hunn ënnerstrach, datt déi al Regierung an och déi nei amgaangen ass, eigentlech mam soziale Fridden hei zu Lëtzebuerg ze spillen. Si géif liichtfankeg domat ëmgoen. Jo, der Regierung gouf souguer eng gewëss Arroganz virgehäit.

"Ma wou bleift dann de Sozialdialog? Hat de Premier, de selwer ernannte CEO vun der Regierung, net eng Kéier gesot, de Kapitän misst och emol mat der Fauscht op den Dësch schloen a senge Ministeren net wéilte sputen? Ma dee Moment ass hei längst erreecht, Kolleeginnen a Kolleegen. Mä grad esou wéi de Minister vun der Fonction publique iergendwou verschwonnen ze si schéngt, héiere mer och vum Premier näischt méi an deem Dossier. Ma ass deem net bewosst, dass wann en d'CGFP ignoréiert, him domadder déi ganz Fonction publique egal ass?", freet de Generalsekretär Steve Heiliger.

Et si ganz däitlech Wierder an et muss een och soen, datt ee Message hei op d'mannst emol am Sall ukomm ass. Dat ass "Wou ass de responsabele Minister", nämlech de Serge Wilmes? "Wou ass d'Regierung? A wou bleift den Dialog?" An de Leit hei am Sall gouf gesot, si solle sech prett halen, eventuell nach virun den Europawale fir en nächste Rendez-vous, am Fall wou d'Regierung net nolauschtert.

"Et wäerte sécherlech nach mouvementéiert Zäiten op eis duerkommen. An duerfir haalt Iech prett, wa mer Iech brauchen. Zitt deen Ament do, grad esou wéi mir do sinn, wann Dir eis braucht. Wann d'Regierung net alenkt, wäerte weider gewerkschaftlech a juristesch Demarchë vun eiser Säit kommen," esou de Steve Heiliger weider. "D'CGFP huet e laangen Otem."

Wisou d'CGFP géint e Bewäertungssystem ass, erkläert hire Generalsekretär esou: "Et geet jo ëm vill méi. Fir eis als CGFP geet et un éischter Stell hei ëm de Prinzip. D'Regierung huet mat der CGFP en Accord salarial ënnerschriwwen, an dee gëtt hei op eng flagrant Aart a Weis violéiert. An en plus riskéiere mer hei ee Prezedenzfall ze schafen, dat geet mat der CGFP guer net. Wat och dee spezifesche vun Iech ugeschwate Punkt ugeet, ass et jo och esou, dass d'CGFP net nëmmen den Dialog proposéiert huet, mee och hir Bereetschaft gemeinsam un enger Solutioun ze sichen. Déi Gespréicher sinn awer net gewënscht. Mir stellen eis ee gesonde Sozialdialog anescht vir. An duerfir och vun dëser Plaz nach eng Kéier de ganz kloren Appell un d'Regierung, sech endlech mat eis un den Dësch ze setzen."

Wärend der Reunioun goung et eigentlech och méi wäit nach, wat d'Fuerderungen ubelaangt, esou gouf d'Fro gestallt vun der politescher Éierlechkeet. Engersäits zum Beispill, wat de Logementsdësch ubelaangt, datt do d'Gewerkschaften net mat an der Ronn waren, d'Steierreform, wou se dann drun ass, déi versprach gouf an och zum Beispill d'Reform vun de Pensiounen, déi wärend dem Walkampf keen Theema waren.

De Romain Wolff huet eigentlech vill Punkte vis-à-vis vun der Regierung, déi him um Mo leien.

"Do gehéiert natierlech d'Pensiounsdiskussioun derzou. Dir wësst jo, et si Walen ofgehale ginn. Et waren och schéi Diskussioune virun de Walen. Et huet awer kee Mënsch eppes dovu gesot. Et steet och praktesch net an de Walprogrammer dran. Et war och nëmmen elo an engem klenge Saz. An dann op eemol kënnt eng ganz aner Diskussioun op den Dësch. An dat hu mer eigentlech onéierlech fonnt, datt een de Leit do virdrun net scho gesot huet, wéi a wat eigentlech soll kommen."